Eis Sprooch mam Lex RothDa boost alt emol.

Natierlech ass et normal, datt nei Saachen/Gebräicher och en neien Numm kréien. Dat war an de leschten honnert a méi Joeren an alle Sproochen, also och am Lëtzebuergeschen de Fall.

Zënter dem 19. Joerhonnert huet besonnesch d’Technik Gulliver-Stiwwel-Sätz gemaach, an et geet nach ëmmer méi rasant virun. Huelt emol nëmmen Ausdréck wéi Lokomotiv, Auto, Tracteur, Radio, Telephon, Photo, Kino, Tëlevisioun, Computer, Handy, Smartphone asv. asw. Et denkt ower nach knapps een drun, datt bal all déi Ausdréck aus dem Latäin an dem Griichesche kommen. Bei ‚Lokomotiv hu mir et mam Latäin ze dinn (locus+movere); ‚Auto‘ mat all senge Gebräicher ass nun emol griichesch fir ‚selwer‘; den ‚Tracteur ass aus dem laténgesche Verb ‚trahere‘ gezunn; den Tëlephon ass duebel Griichesch (Tele=wäit, phonos=Klank); datselwecht gëllt fir ‚Photo‘ an esouguer fir ‚Photographie‘ (photon=Liicht/ graphein=schreiwen); ‚Kino a Kiné‘ op d‘Griichesch ‚bewegen‘(kinemein); den Handy ass flott englesch verkleed, ower knapps englesch J. Hie passt ower ganz gutt an eis Sprooch.

Esouguer wann een z.B. mengt, de Computer kéim dach aus dem Engleschen/Amerikaneschen…da stëmmt dat héchstens deelweis, well de Kär vun deem Wuert ass nun emol e laténgescht Verb, an zwar ‚computare‘…an dat heescht ongeféier ‚zesummenzielen‘; et kënnt also zesoen an engem anere Kleed iwwer den Atlantik erëm. D‘ Fransouse giffen sech deemno net onbedéngt en Zack aus hirer Sprooch-Kroun krächen, wann si de ‚computeur‘ ugeholl hätten, aplaz en ‚ordinateur‘ draus ze maachen; de ‚Rechner‘ am Däitsche kënnt do nawell méi no, well an deer Saach jo mam ‚Binaire-System‘ gerechent gëtt, mat 1 an 0. Am Lëtzebuergesche brauche mir äis jo dann ower bestëmmt keng Suergen ze maachen. Hei gëllt, wéi soss enzwousch: Wou mir kee Wuert dofir hunn, kënne mir eent aus egal watfir enger Sprooch eranhuelen; just net muttwëlles, wann eent am Lëtzebuergesche besteet.

Dat ass alles intressant, schéin a gutt. Mä och hei gëllt dat Spréchwuert erëm: Ze vill an net genuch si keng Moossen! Firwat musse mir dann elo ‚printen‘ aplaz ze ‚drécken/erauszedrécken‘? Datselwecht kann ee sech bei deem blöden ‚downloaden‘ froen…ass dat wierklech esouvill besser wéi einfach ‚eroflueden‘?

Musse mir all Firlefanz ‚boosten‘, deen aus dem, dacks krommenolegen Engleschen/Amerikaneschen eriwwerkënnt? Bei de Fransousen hu mir en elegant Beispill, wéi een den ‚e-mail‘ ëmgoe kann: Si hunn deen intressante ‚Courriel‘ draus gemaach; dee seet schléisslech genee datselwecht wéi den engleschen Ausdrock, an zwar ‚courrier électronique‘…iwregens ganz dovun ofgesinn, dat ‚mail‘ mam franséische ‚malle‘ Famill ass; déi kenne mir jo nach hanne beim Auto.

Et ass gewosst, datt e sëlleche Leit nawell gär mat gebeemte Wierder dorëmmer flankéiere fir sech en ‚air‘ ze ginn. Soulaang si dat ënnert hiresgläichen a Fachleit maachen, ass dat nach ze verstoen, ower dobäi bleift et jo net, wann ee gär ugëtt, gelldir. Ech hunn emol ee kannt, deen ëmmer gesot huet, eng ‚diarrhée‘ wier och alt näischt Besseres wéi e Schësser…mä och hei gëtt et jo nach manner ‚gehäerzt‘ Ausdréck.

Eent ass ower ganz kloer: Um Gebitt vu Computer, Internet asw. gëtt ganz kloer iwwerdriwwen. E ‚sheet‘ ass a bleift nun emol e ‚Blat‘. An der Dréckerei brauche mir och kee ‚cover‘ fir en Deckel a bestëmmt kee ‚cover-sheet‘ fir en Deckelblat. Mir sollen e bëssen iwwerleeën, wat muss, soll, däerf ‚geboost‘ ginn…a wat iwwerflësseg oder esouguer lächerlech ass.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.