Flunkernews 11/17Kostümer, Rutte, federal judges, Radaren a Post-Laf

Flunkernews 11/17 vum Serge Olmo



Fillon a Kostümskandal:
Den Affekot a Member vun der Garde Rapprochée vum Fillon, Robert genannt Rob Bourgi, huet him fir 13000 € Kleeder geschenkt, wat e grousse Problem ass fir de Kandidat. An elo schwätzt jiddereen iwwert dem Kandidat seng vill ze deier «Garde Rob». 

Hollännesch Wahlen: De Premier Rutte war stur wéi e Bock oder e Widder an der Affär mat den Türken wat den Hollänner gutt gefall huet an him bestëmmt vill Stëmmen abruecht huet. E bësse eegen ass datt «Mark Rutte» vun hanne no vir «eTürk Ram» gelies gëtt, wuelwëssend datt e Ram e Widder ass. 

Muslim Ban nees gestoppt: Och den 2. Anti-Immigratiounsdekret, haaptsächlech géint Moslem, gouf vun engem «federal judge» gestoppt.  De President Trump ass ausser sech a seng Supporter nennen di Riichter «federallah judges»… 

Radaren an de schwaarzen Zuelen: Datt ass eng gutt Noriicht fir den zoustännegen Minister Bausch. Wéi d‘Radaren installéiert goufen war rieds vu Ren-nen an elo éischter vun Ren-tabilitéit. 

Post-Laf: Den 10 Kilometer laange Laf gouf vun engem Athlet aus Ethiopien gewonnen. Dat ass keng Iwwerraschung well di 10 Kilometer  d‘Liiblingsdistanz sinn vun den ethiopeschen Leefer. D’Haaptstad aus Ethiopien ass jo och A-dix Abeba.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...