Lëtzebuerger Déiereschutzliga50.000 Euro fir de regionalen Déierenasyl Diddeleng

Den Don hëlleft, en Deel vun de Funktiounskäschten ze decken.

Am Kader vun der Generalversammlung vun der "Société pour la Protection des Animaux Dudelange SPAD asbl" huet d'Vertriederin vun der "Lëtzebuerger Déiereschutzliga", d'Madame Gaby Wolter, dem Diddelenger Déiereschutz e Scheck vu 50.000 € iwwerreecht. Dëse generéisen Don hëlleft en Deel vun de Funktiounskäschte vum Regionalen Déierenasyl - Diddeleng ze decken.

D'Vertrieder vum Regionalen Déierenasyl - Diddeleng, dat all Joers 450-500 Kazen a Muppen ophëlt an domadder d'nationaalt Déierenasyl substantiell entlaascht, hunn hire Merci fir dëse frëndschaftleche Geste ausgedréckt. An Zäiten, an deenen d'Déiereschützer mat villen däregen an onnéidege Problemer ze kämpfen hunn, ass et wichteg zesummenzehalen an sech gemeinsam fir den Déieren hir Rechter a Liewensbedingungen anzesetzen, e Grondsaz, deen och duerch d'Präsenz vun anere wichtege Lëtzebuerger Déiereschutzveräiner wéi de Privaten Déiereschutz an d'ALPA bestätegt ginn ass.