Eis Sprooch mam Lex RothLiddercher a Lidder

A Frankräich, Däitschland, England, apaart a Schottland an Irland kennt all Kand, dat aus der Grondschoul kënnt op d’mannst eng hallef Dose Lidder a senger Sprooch. Natierlech ass do d’Nationallidd dobäi. Et däerf ee sech froen, wéivill Liddercher eis Kanner iwwer dee Wee matkréien; menger Meenung no net mäerdereg vill ! Dat ass ower schued, well et behält een déi säi Liewe laang um ‚hard-disk‘, egal wéivill aner Melodesches herno dobäikënnt.

 

Wann et ëm eis Sprooch geet, dann ass dee Gedanke dach net onwichteg. Mir kréie

 jo z.B. mat, wéi houfreg d’Kënnercher aus der ‚Spillschoul/ dem Précoce a Préscolaire‘ mat Liddercher heemkommen, déi si do ‚geraf‘ a behal hunn. Et kann een sech nëmme wonneren, wéi begeeschtert si déi kleng Melodien an Texter am Käppche behalen; deen ass nach esou frësch an ‚onbesat‘, datt een sech heinsdo nëmme ka wonneren, wéi si och esou butzeg Saachen a ganz anere Sprooche ‚singsangen‘, déi hir guer net sinn… vun do aus op de Gedanken ze kommen, wéi liicht en normale Kannerkäppchen egal watfir eng Sprooch opfänkt, ass de Fong vun deem, wat iwwer Sproochen an all deene Schoulsystemen an –niveauen an der Diskussioun ass. Näischt géint egal watfir eng aner Sprooch, et geet hei dacks ëm 5 verschidde Sproochen an engem an deemselwechte Schoulsall! Mä hei am Land ass d’Lëtzebuergescht nun emol deen ‚Idiom‘, mat deem mir äis alleguer kënn(t)en zesumme verstoen, an zwar am duebele Sënn. Liddercher op Lëtzebuergesch kënnten an deem Sënn e ganz gutt Mëttel sinn, d’Kënnercher vum Butzenalter un op de Klank, d’Melodie, de Rhythmus vum Lëtzebuergeschen ze gewinnen.

 

Huelt emol de ‚Meereenchen‘, e wonnerschéint an einfacht klengt Liddchen, dat d’Kanner direkt behalen… a ganz séier nosangen: Meereenche fal vum Himmel, fal op mech eleng – ech wuesse gär eng Grimmel, wëll net bleiwe kleng… ech ka mech erënneren, datt meng (5) Kanner dat direkt nogesong hunn, wéi si déi kleng Monnerecher Sänger e puermol am Radio héieren haten; genee dselwecht ass et mam ‚Hieschen am Rommelstéck‘ gaang. An deem Sënn kënnt ee sech e flotte Grapp eiser Lidder a jidfer Schoul virstellen; dat nieft deenen neien, déi een och vu kreative Pädagoge wéi dem Schoulmeeschter Claude Koob vu Stroossen haut kritt… an zwar och nach an engem wonnerbar illustréierte Bichelche mat CD… frot et emol ënner www.luxemburg-entspannt.lu

De viischten Deckel hei passt jo wierklech immens op dësen Ouschter-Weekend!


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.