Flunkernews 15/17Space Mining, Transferten, Coupe Davis, Péckvillercher an FN

Space Mining: De Wirtschaftsminister an di ierfgroussherzoglech Koppel waren an Amerika, wéi den Etienne Schneider bekannt gouf, datt di éischt Lëtzebuergesch Mountmissioun wahrscheinlech am Dezember wäert starten. Gutt datt di ierfgroussherzoglech Koppel mat war; domatter gouf gewisen datt Lëtzebuerg déi éischt Moon-archie wäert hunn.

Flunkernews 16/17


Transferten: De Progrès Nidderkuer hat jo schon de Sébastien Flauss an der Equipe. Fir di nei Saison goufen elo de Mario Mutsch an och de Ben Vogel engagéiert. D’Chancen sinn zwar grouss datt si vun aneren Equippen gewichst ginn…

Coupe Davis: De leschte Week-end gouf quasi op der ganzer Welt Tennis mat de nationale Selektioune gespillt. Et ass opgefall datt vill Spiller e Bändchen an den Hoer haten an dowéinst e riichte Scheet an der Mëtt vum Kapp. De Kapp huet mat dem Scheet vun uewen e bëssen ausgesinn wéi eng Schrauf. Schwätzt een dowéinst vu Coupe des Vis?

Péckvillercher: Dës ginn ëmmer méi dacks a Farbriken hirgestallt. An och wann et eng chrëschtlech Traditioun ass ginn d’Péckvillercher net a Kierchenfabriken produzéiert soss géifen di Péckvillercher anescht päifen an zwar Syfel-éieren...

Richtegt Gesicht: Laut der Le Pen ass Frankräich net Responsabel fir d’Rafle vum Vel d’Hiv am Joer 1942 wou dausenden Juden verschleeft goufen. De neien «Vel d’Yves» ass eréicht 2014 nees opgericht ginn am Departement Yvelines. Hoffentlech ass fir d’Le Pen dëse graven verbalen Aussetzer fir d’Wahlen decis-Yves.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...