Eis Sprooch mam Lex RothEis Sprooche-Saach vu bausse gekuckt

Et ass net ontressant, datt gläich an zwou auslänneschen Zeitungen iwwer d’Sprooch(en) an eisem Land rieds geet ; fir en Auslänner ass déi lëtzebuergesch Sproochsituatioun jo och zimlech ‚gelungen‘, fir déi allermeescht esouguer total onverständlech. Fir äis ass si ganz normal, an dat ass och gutt esou!

 Grad esou ‚koppeg‘ schéngt et, datt déi eng fäerten, dat Däitscht giff hei an den Eck gedréckt; déi aner Säit mengt, d’Franséischt giff am Motzeck landen…mä da muss dat no der Logik vum Gläichgewiicht jo net ze schlecht ausgesinn, oder? Gewëss: e Lëtzebuerger huet et wéinst senger germanescher Mammesprooch zimlech einfach, fir sech am Thomas Mann säin Idiom eranzehänken; d’Franséisch ass ewell méi eng haart Noss, well mir eréischt am 2. Schouljoer systematesch am Albert Camus seng Sprooch geféiert ginn.

Ënner ‚normalen‘ Ëmstänn ass e klenge Lëtzebuerger vun 12 Joer ower ëmstand, sech ganz éierbar am Däitschen an och zimlech zerguttst am Franséischen duerch de ‚Bësch‘ ze schloen; déi eng méi séier a besser; déi aner alt net grad esou. Dat ka vun engem ganze Koup Elementer ofhänken: Vun der Kannerstuff; vun der Noperschaft; vun der ‚Spillschoul‘, der Zesummesetzung vun de Schoulklassen…an,wat d’meescht iwwergaang gëtt, vun deem, wat een als Talent, als ‚Käppche matkritt huet. Dat gëtt bei aller Statistikerei leider ëmmer erëm iwwergaang! Hei zéien déi bekannt Spezialisten esou zimlech alles iweer een an deeselwechte Leescht, e bësse wéi wa mir alleguer déiselwecht Foussgréisst a Kleedermoossen hätten.

Kengem zeleed a kengem zeléift: Mir hunn nun emol net all déiselwecht Méiglechkeete vum ‚Täti‘ hier; et huet jo och net een deeselwechte Charakter wéi deen aneren, déi nämlecht Reflexer fir Pingpong, Baskett, Football oder Tennis. Villes léisst sech zwar léieren, ower zugudderlescht mécht d’Talent de Fong fir Ënnerscheeder. Dat gëllt natierlech och fir d’Sprooch(en), grad ewéi fir Mathematik, Physik oder Chimie. Mä hei schéngen d’Soziologie, d’Statistik an esouguer dacks d’Psychologie schwaach Säiten ze hunn.

Et kënnt zesoen ëmmer nach dobäi, watfir eng Sprooch deem Eenzelen am beschte ‚läit‘. Do huet de Lëtzebuerger eng ganz aner Wiel a Méiglechkeeen, fir sech ‚anzeschéissen‘. Ech mengen, kënnen ze behaapten, datt d’Däitscht eise Leit aus verschiddene Grënn méi seet: Et ass méi no beim Lëtzebuergeschen, an (Hand op d’Häerz) mir gi wierklech vun däitschsproochegen TV-Programmen iwwerschwämmt! Eis Haaptzeitunge sinn op d’mannst zu 75% an däitscher Sprooch; dat soll hei absolutt net jugéiert, mä einfach nëmme festgestallt sinn…wouriwwer ILRES&Co sech emol Gedanke fir eng Ëmfro däerfte maachen.

D’Franséischt ass fir äis méi eng haart Noss, sief et duerch ‚Vokabelen‘, duerch hir zimlech queesch Grammaire an dee méi héichgetrëppelte Gebrauch; mä mir klappen äis méi ewéi éierbar doduerch. Grad an dëse germano-romaneschen Ëmstänn läit fir e Mëttellëtzebuerger eng enorm Chance, fir sech an déi eenzeg wierklech ‚Weltsprooch‘ eranzeschaffen, déi et gëtt: d’Englescht! Iwwer 2 Milliarde Mënschen – iwwer d’ganz Welt verspreet! – gebrauchen déi ‚Mësch-Sprooch nun emol…an et freet een sech, firwat déi Klatzkäpp vun EU-Entscheeder d’Englescht aus klenggepierpelten Nationalismen net ewell laang als ‚Musse-Sprooch‘ ageféiert hunn. Fir äis Lëtzebuerger leien do net e sëlleche vill Steng um Wee…an eis Sprooch a Sproochsituatioun féieren äis eeriicht dorop lass!


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.