Flunkernews 37/17Katalounien, Cattenom, Kockelscheier, Wanterpneuen an CNS

D'Flunkernews 37/2017



Katalounien:
D’Indépendance ass op Äis geluecht. D’Regierung zu Madrid ass awer ganz virsiichteg a passt besonnesch op di fräischaffend Beruffer op esou wéi d’Dokteren well dës jo Indépendanten sinn. Bei den Zänndokteren si se nach méi virsiichteg well et si carrément Indépen-dentisten.

Cattenom: Laut de Responsabel vum Site si keng Sécherheetsbedenken do och nodeem Aktivisten vu Greenpeace e Feierwierk geschoss haten. Well et jo onbedenklech soll sinn, ginn et der zu Cattenom déi mam Gedanken spillen d’Sylvester Freedefeier do ze maachen.

Tournoi op der Kockelscheier: Deen Tournoi an der Réiser Gemeng ass tatsächlech d’Plaz wou während enger décker Woch d’Meedercher an d’Fraen am Mëttelpunkt stinn. Mer sinn elo awer während dem Turnéier gewuer ginn datt de neien an ale Buegermeeschter Tom "Jungen" heescht.

Wanterpneuen Zäit: Verschidde Garagen si ganz modern. Si hunn eng Facebook Säit mat de Rendez-Vouser a Fotoen vu verschiddene Pneue Modeller. Bei de Pneuen bréngt eng Profile-Foto eppes.

Iwwerschoss bei der CNS: Haaptsächlech ginn et méi Subventiounen punkto Aen an Zänn. Vü datt d’Konsistenz vun dem wat mer am Summer an am Wanter iessen anescht ass, gëtt wéi bei de Pneuen dru geduecht fir de Leit Summer- a Wantergebësser ze bezuelen. 

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...