Fondatioun Kriibskrank KannerE Meedche vun 13 Joer mécht een Don vu 450 Euro

D'Naïla huet mam Verkaf vu sengem eegene Kachbuch, Sue fir déi krank Kanner gesammelt. E flotte Geste.

D’Naïla vun Dippech huet a senger Fräizäit ee flott Kachbuch zesummegestallt an et u Frënn a Bekannte verkaf.

Am Kader vun enger klenger Feier huet dat 13 Joer aalt Meedchen de Benefice vum Verkaf vun de Bicher un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. Den Erléis ware 450 Euro.

D'Fondatioun seet dem Naïla ee grousse Merci fir dee ganz flotten a léiwe Geste.

www.fondatioun.lu