Pompjeeë vu Stadbriedemes2.300 Euro fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Viru kuerzem huet d’Amicale vun de Stadbriedemesser Pompjeeën ee Scheck vun 2.300 Euro un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.

Dëse Montant setzt sech zesummen aus: 600 Euro vu RTL-Déckkäpp-Owend, een Don vun 300 Euro an 1.400 Euro aus der Kees vun der Amicale.

D’Häre Ludwig Roger, President a Risch Erny, Tresorier, hunn de Scheck un d’Veerle Dierick vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.