Flunkernews 45/17Mount a Mars, Alkohol, SREL Affär, Tram an Asthma

Flunkernews 45 / 2017



Mount  a Mars:
Den Trump wëll datt d’Nasa op di 2 Planéite flitt. Wéi, wat, wéini soll um Mount an um Mars lafen ass onkloer. Sëcher ass just datt Jerusalem d’Haaptstad wäert ginn…

Alkohol um Steier: De Joe Thein huet ënner Alkoholafloss en Accident gehat. Et war net fir d’éischt wou hien esou erwëscht gouf. Hien huet definitiv d‘Tendenz ze Konserva-tief an d’Glas ze kucken.

Juncker an der englescher Press: Lëtzebuerg an eisen ex Premier si wéinst der SREL Affär grouss an den engleschen Zeitungen. Si wäerte jo dohannen net elo op d’Iddi kommen d’Bommeleeër Affäre eraus ze gruewen.

Den Tram mat Ulafsproblemer: Et goufe schonn di eng oder aner Pannen notéiert, e klengen Accident awer virun allem och eng Entgleisung. Et gi verschidde Modeller vun Trammen déi ee bestelle kann. Mer hunn Gottseidank dee Modell bestallt dee just entgleist wa keng Persounen dra sëtzen.

Scho nees Dopping: Elo huet et d‘Nummer 1 vun de leschte Joeren erwëscht a zwar de Chris Froome. De ganze Vëlossport ass wéinst der Asthma Affär vum Sky Profi komplett op der Kopp. A plaz eng gemittlech Adventszäit ze hunn wéi virgesinn ass et am Cyclissem eng Ad-Ventolinzäit.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...