Fondatioun Kriibskrank KannerProjet "Vun Kanner, fir Kanner" vun der Klass T3CM vum Lycée Michel Lucius

D'Klass T3CM aus em Michel Lucius huet mat enger flotter Aktioun am Kader vum Projet "Vu Kanner, fir Kanner" Sue gesammelt.

 5 Schüler aus der Klass T3 CM vum Lycée Michel Lucius vum Lampertsbierg hunn am Kader vun hirem Projet „Vun Kanner, fir Kanner“ zesummen mat Kanner aus der Crèche Bidibul vun Féiz Adventskränz an verschidden Chrëschtdekoratiounen gebastelt.

Déi flott Dekoratiounen goufen um Maart zu Stroossen zu Gonschte vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner verkaf. D’Schüler krute 450 € mam Verkaf eran a se hunn nach Done vun 194,51 € gesammelt. Viru kuerzem war d’Scheckiwwerrechung bei der Fondatioun Kriibskrank Kanner, wou den 5 Schüler fir hir flott Initiativ felicitéiert gouf.