FlunkernewsRéckbléck 2017: Deel 1 vum Best-of

Liesen, lauschteren ... a laachen!!!

Flunkernews: Réckbléck/Best-of 2017 (1. Deel)



Technik an Intelligenz: 
Déi technesch Apparater ginn ëmmer méi intelligent, wat net ëmmer gutt ass. D'Lescht war ech an engem "intelligente" Lift a wollt op de 4. Stack. Leider hunn ech 2 Mol op de Knäppche 4 gedréckt a sinn um 8. Stack gelant.

Politesch Renconteren vum Joer: Den Hightlight war d’Visite vum Kate Middleton. De Minister Bausch huet sech ganz wuel bei der Prinzessin gefillt a wollt si ganz no bei sech halen. Hien ass jo de Nohalteg-Kates Minister.

Skandal bei der NATO Foto: Um NATO Sommet am Mee waren 10 Leit op der Foto wou d’Partner vun de NATO Responsabel drop waren mä de Partner vun eisem Premier gouf vum Wäissen Haus net ernimmt wat traureg ass. Vü datt se zu 10 waren, war dat d’Foto vun de «First Les dix»…

Laptoppen a Tablets verbueden: Verschidde Fluchgesellschafte verbidden op verschiddenen Destinatiounen, datt dës Apparaten als Handgepäck kënne matgeholl ginn. Dat ass zwar immens schued, well am Fliger konnt een emol eng Kéier wierklech op enger Cloud schaffen…

Viagra geschwënn ouni Ordonnance? Dat géif ville Leit d’Saach vereinfachen. Verschiddener haten nämlech nach Pëllen iwwereg. Si konnten se awer net huelen well kee Stéck Ordonnance méi Rescht blouf fir mat der Pëll ofzeschlécken.

Lotto an de Nördlechen Länner: Bei eis ass et jo scho kal mä dat ass näischt am Verglach zu de nördlechen Europäeschen Länner. D’Glécksspiller sinn dohannen ähnlech wéi bei eis ausser datt beim Lotto d’Zuelen vum leschten Tirage zum Beispill -7, -12, -16… waren.

Riseg Demo géint den Trump: Direkt den Dag no senger Vereedegung gouf zu Washington e «Women’s March» organiséiert géint Fraefeindlechkeet vum neie President. Dausenden rosa «Pussy Hats» haten manifestéiert. Déi Démoen ware ganz ouni Gewalt. Et war eng nei Form vu Resistenz an zwar de Pussyfismus!

Staatsvisitt a Japan elo am November: D’Japaner krute bericht, datt et bei eis gutt Affären ze maachen gëtt haptsächlech am immobilien Beräich. Zum Beispill gi privat ganz vill Haiser renovéiert. D‘Lëtzebuerger hunn och definitiv e Faibel fir Japan, well op de Fassaden oder an de Fënsteren, bei Renovatiounen, wäiss Affichë mat engem roude Punkt hänken.

Touristen: Genee wéi an den anere Länner sinn och zu Lëtzebuerg ganz vill Touristen aus China. Si fotograféieren quasi alles. Et fällt op datt si vill di nei Tramsgare an d’Schinnen knipsen. Kee Wonner et si jo S-Chinesen…

Bieles 2017: Ee Moment sollt den Numm geännert ginn. Di Leit déi ëmmer op de Circuite sinn fir d'Cyclocross WM, sinn haaptsächlech Hollänner a Belsch déi dacks vill Béier drénken. Dës waren e bëssen erféiert wéi si gelies hunn et wier "Beerless 2017"…

Bebepaus: D'Mandy Minella hat jo zu Wimbledon annoncéiert, datt hatt schwanger ass. Et war um Tempel vum Wuess di ideal Plaz mat ze deelen, datt Nowuess kënnt. 

Endlech méi Gläichberechtegung: D’Bibiana Steinhaus ass di éischt Damm déi an der Bundesliga e Match gepaff huet. Komescherweis war et d’Parti HERR-ta Berlin géint Werder Bre-MEN…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...