FlunkernewsRéckbléck 2017: Deel 2 vum Best-of

Liesen, lauschteren ... a laachen!!!

Wahlcampagne iwwer Facebook: D’Kandidate fir d’Gemengewahlen hate vill Reklamm iwwer Facebook gemaach. Si kruten domatter vill Promesses de Vote. Firwat wollte si iwwerhaapt dës Promesses de Vote op hirem Facebook deelen? Hätten si dann nëmmen méi hallef esou vill Promesses de Vote gehat oder?

Wahlpanneaue bei de Gemengewahlen: Verschidde Leit soten, déi géife souwisou näischt bréngen. Datt war absolut net wouer. Op d'mannst woussten elo verschidde Leit, wéi hire Buergermeeschter an hir Schäffen a Gemengeréit géifen ausgesinn.

Flunkernews: Réckbléck/Best-of 2017 (2. Deel)

Space Mining: De Wirtschaftsminister an déi ierfgroussherzoglech Koppel waren an Amerika, wéi den Etienne Schneider bekannt gouf, datt déi éischt Lëtzebuergesch Mountmissioun geschwënn dierft starten. Gutt datt déi ierfgroussherzoglech Koppel mat war; domatter gouf gewisen, datt Lëtzebuerg déi éischt Moon-archie wäert hunn.

Fixéiert op Rakéiten: De Kim Jong Un wëll, datt bei senge Rakéitentester alles ideal klappt. D’Uniforme vun den Zaldote mussen och stonnelaang gestreckt ginn, bis se perfekt sinn. Et geet jo och ëm "Laang Strecken"-Rakéiten … 

Polemik vun den detachéierte Salariéen: Enn August si sech d’EU-Länner global eens ginn. Just am Fall vun de Camionneuren ass nach keng global Léisung fonnt ginn. Ass dat esou, well sech d’Camionneuren iwwerhaapt net dierfen «detachéieren»?

Wanterzäit: A Spuenien geet tëscht de Katalanen an der Spuenescher Regierung guer näischt méi. Esouguer beim Verréckele vun der Auer haten d’Katalanen et anescht gemaach wéi d’Regierung et wollt. E Sonndeg 29. Oktober um 3 Auer hate si d'Auer 23 Stonne no vir geréckelt.

Spill a virtuell Realitéit: Zejoert hat quasi all Mënsch mat sengem Handy probéiert, virtuell Monsteren ze fänken. Déi lescht Méint war zu Bréissel een anert d’Spill ganz aktuell. Jidderee mengt, hien hätt de fréiere katalanesche President gesinn a wëll hie fänken. D’Spill heescht Puigdemont Go …

Trump-Visite an Asien: Béis Zonge behaapten, datt den amerikanesche President gewinnt ass, Kontrakter, Dekreter etc ze ënnerschreiwen, ouni se ze verstoen. An dësem Fall war hien emol eng Kéier z’entschëllegen, well déi verschidden Texter op Chinesesch oder Japanesch waren.

Petitiounen zur Lëtzebuerger Sprooch: An ëmmer méi Petitiounen ass eis Sprooch am Mëttelpunkt an si gëtt thematiséiert. Wier et da net och un der Zäit, fir fir d’Wuert «Petitioun» e richtegt lëtzebuergescht Wuert ze benotzen?

Schueberfouer a Gewunnecht: Munchereen hat sech staark opgereegt, datt verschidde Buden oder Attraktiounen net méi op där Plaz stoungen, wou se soss ëmmer stoungen. Et war esouguer een immens opbruecht, datt d’Riserad net méi op der selwechter Plaz stoung an hien et dowéinst bal net fonnt hat …

Trump an Ku Klux Klan: Fir d’éischt hat de President, dee jo am Clinch ass mam Kim Jong Un, nom Attentat vu Charlottesville näischt géint déi traureg Rassiste gesot. Eréischt wéi ee vu senge Conseilleren him verklickert huet, datt de Ku Klux Klan nordkoreanesch kléngt, huet hien e bëssen eppes géint déi Rassiste gesot.

Ee Moment kee Wikipedia méi an der Tierkei: Et gëtt ëmmer méi schwéier sech z’informéieren mam Alibi, et wieren iwwerall Supporter vum Fetullah Gülen ze fannen. Fir Informatiounen ze kréien, dierfe si an der Tierkei dann iwwerhaapt googülen?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...