Eis Sprooch mam Lex RothFir eise leschte WE vun 2017

Mat all deem Neien, dat vläicht och emol ze séier eraleeft, gëtt dat ‚Aalt‘ natierlech an den Eck gedréckt. Dat ower vrun allem, well et äis haut esou gutt geet, datt mir et ewell selwer net méi anuecht huelen. D’Geschäfter an de „Marketing“ schëdden äis d’Gemitter esou iwwer d’Press an d’TV zou, datt mir emol kee weidere Gedanken dru verbëtzelen „wéi et da war“. Ass et net och esou, datt mir mengen, mir missten esou zimlech alles no-maachen, wat äis iwwer d’Medien an d’Stuff erantrëllt? Mat „modern“ huet et d’meescht rosewéineg ze dinn…oder ass et z.B. „modern“, wa mir mengen, missen ‚Oktoberfester‘ ze organiséieren, aplaz emol vläicht ganz einfach un en ‚Hierschtfest‘ ze denken? D’Fuesboken hu sech verfuusst, an d’Fasenacht mat de Kappensitzungen huet sech breet gemaach…esouguer d’Uniformen an déi spatz ‚Kappen‘ hunn et bis bei äis gepackt…ouni dovun ze schwätzen, dat eng Kappe eiser Kape keng ass, héchstens eppes wéi eng Mutz oder e ‚Schëffelchen‘. Si mir nëmmen ‚originell‘ am No-Afen?

D’Chrëschtmännercher sinn elo erduerch, mä déi Coca-Cola- Klunnesse wäerten äis och 2018 net verpassen; déi heemlech Krëppercher ëmmer méi rar ginn… vläicht esouguer hei oder do verbueden. Iwregens kann ee sech froen, firwat d’Fransousen an d’Belsch sech net esou bei all deem vun ‚do iwwer‘ an d’Gitt huele loossen. Ob ewell een sech Gedanken driwwer gemaach huet, firwat den hiermiddege Quatsch vun ‚Halloween‘ sech och hei verlaf huet?…ower alles dat ass zugudderlescht e gutt ‚Geschäftchen‘, Marketing, gelldir; zesoen alles riicht sech jo no der Geschäftemécherei. Dat Ganzt  kënnt ee vir, wéi déi fäerdeggekachte Gromperen, déi ewell am Glas ze kréie sinn… esou ‚praktesch‘, keng Bippche schielen ze brauchen…domat spuert ee vill Zäit, nedir… an déi kann ee gutt fir den nächste Krimi op der TV gebrauchen. Knadderknadder!

Iwregens: War dat da kee schéine ‚Brauch‘, wann et vum Pätter oder der Giedel fir Neiooschdag nach e groussege Boxemännche ginn ass…deen dann och nach als ‚Bauchknäppercher‘ e puer Geldstécker vrum Baken an den Deeg gedréckt krut; dohier kumm den Ausdrock „deen huet den décke Su vum Këndel nach“, wann e Krappert zimlech gespuert huet…iwregens ass de ‚Boxemännchen‘ en echte Lëtzebuerger Kärelchen; de ‚Këndel‘ war och zimlech ‚eises‘. Ower dat ass alles ‚museal‘, gelldir; dat war gutt fir ‚fréier‘; mir musse mat der Welt viru goen…et ass e bëssen op déiselecht Manéier, wéi iwwer eis Sprooch geschwat gëtt, déi sech jo och ‚entwéckele‘ muss. Woubäi déi ‚Evolutioun‘ d’meescht ower nëmmen aus engem muttwëllessen Eranhuele vun däitschen, franséischen oder engleschen Ausdréck besteet. Dëser Deeg huet den englesche ‚Guardian‘ sech jo iwwer ‚Renaissance‘ vun eiser Sprooch erausgelooss…op der Basis vun ‚Interviewerei‘, déi knapps mat ‚Sachkenntnis‘ geplot war…woubäi dann och nach gesot soll ginn, datt och de ‚Guardian‘ vum Dag virdrun ewell ural ass…et la caravane passe.

D’Ausriede géint/iwwer d‘Lëtzebuergescht si bal ëmmer déiselwecht, sief et heiheem oder vu Leit déi fir d’Ausland ‚interviewt ginn‘ : Dat do hunn ech nach ni héieren; dat ass ‚aalt‘ Lëtzebuergesch; bei äis guff ni esou gesot…mengt dir dann éieren, all Däitschen, Fransous oder Englänner giff jidfer Wuert héieren/kennen, dat am Duden, dem Larousse oder dem Oxford-Dictionary steet? Am Wierderkuerf vum ‚einfache‘ Mënsch, sengem ‚Basis-Vocabulaire‘ sinn och an anere Sproche knapps 5000 Ausdréck; fir eis Sprooch ass et dnämlecht. Dat alles giff e laaaangt Gespréich!

Bei all deem Gegrommels, Gedudders a Geknadders…trotzdem, a grad, ower: Vill Gléck am Neie Joer!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.