Flunkernews 07/18Bäcker, Schulz, Curling, Bobpist an Äishockey

D'Flunkernews vum 18.2.2018



Ab 4 Auer:
Well hien dat ongerecht fonnt huet, datt d’Tankstelle scho moies ganz fréi dierfe Brout verkafen, huet e Bäcker vun Déifferdeng geklot an hie krut Recht. D’Liewensmëttel-Handwierker dierfen elo vu 4 Auer moies un hir Geschäfter opmaachen. Et kënnt awer net aus dem Uerteel eraus, ob de Bäcker dann och Benzin dierf verkafen. 

Ass hien definitiv out? De Martin Schulz ass elo de facto net méi Parteichef vun der SPD mä d’Andrea Nahles. Ausseminister gëtt hie jo och net. Vläicht gëtt et wéi bei eis e Nohaltegkeet-Ministère. Do kënnt et sinn, datt de Schluz dann Nahles-haltigkeits Minister géif ginn.

Dopping zu Pyeongchang: Et kann een an enger Disziplin sécher sinn datt net gedoppt gëtt an zwar ass dat am Curling. Do ass et allerdéngs awer esou datt d’Zuschauer Dopping brauchen fir dat kënnen ze kucken.

GPSen am Sport: Et ginn ëmmer méi GPSen benotzt am Sport wéi zum Beispill bei der Rallye Dakkar. Ech war allerdéngs iwwerrascht ze héieren datt verschidden Athleten zu Pyeongchang e GPS benotzen fir d’Bobpist erof ze fueren.

Äishockey wichteg fir de Fridden an der Welt: Et gëtt jo eng mixt Equipe fir Süd- a Nordkorea. Vläicht kéinten Israel a Palestina dat selwecht virgesinn. De Puck ass jo am Äishockey ganz wichteg. Dësen heescht jo „Palet“ op franséisch a kënnt deemno wichteg ginn an der Relatioun tëscht Israel an Palet-stina.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...