Flunkernews 08/18Äishockey, Nationalhymn, Dammentennis, Waffen an Derby

Flunkernews 8/18



Äishockey an de Puck; nei Symboler fir de Fridden :
Well dat mat den 2 Koreaen esou gutt geklappt huet mat enger gemeinsamer Hockey-Equipe fir d’Situatioun ze berouege wëllen eventuell d’Katalanen dat och probéieren. D’Iddi ass natierlech vum Carles Puck-demon.

Pyeongchang; d’Russen ouni Nationalhymn: D’Russen hunn sech net vill driwwer opgereegt well si de Choix haten ob sinn d’Hymn vum Olympesche Comité géife gespillt kréien um Podium oder di Russesch Hymn gesonge géif gi vum Fergie. D’Decisioun vun de Russe war séier geholl.

Internationalen Dammentournoi: BGL BNP Paribas iwwerhëllt jo di hollänesch Bank ABN AMRO Bank. Et kann also sinn datt den Dammentennistournoi op der Kockelscheier elo «BGL BPN Paribas ABN AMRO Bank Luxembourg Open» wäert heeschen. Wéinst dem laangen Numm froen d’Organisateure fir an 3 Gewënnsäz kënnen ze spillen.

Waffen; eng traureg Geldaffär an de States: Leider brauch een dohanne kee Waffeschäin fir eng Pistoul oder e Gewier ze hunn wat e Skandal ass. Et gëtt esouguer dru geduecht e Geldschäin, mat enger Waff als Motiv, drécken ze loossen. Och wa keen e Waffeschäin huet da kënnen d’Waffenhändler an hir Supporter geschwë Schäiner hu mat enger Waff.

Derby duerch en Händs entscheet? Et gouf vill driwwer geschwat dat de leschte Goal am Escher Fussballderby irregulär soll gewiescht sinn. De Kapitän vun der Jeunesse soll de Ball mat den Hänn era geschoss hunn. Vill Leit fannen dat net schlëmm well hien ass jo de Kapit-hänn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.