Eis Sprooch mam Lex RothAll Guddes, Alain!

Da bass Du jo elo och am Club mat deer zackerdjëssen ‘Aachtchen’. Tréischt Dech: Et hunn der vill Deng Joeren net kritt; anerer kruten se zwar, ower vill méi schlecht wéi mir zwéi ‚Leitsgeheier‘!

Schued ass et jo dacks, datt der alt emol mengen, an eisem héigen Alter  wier 2x3=6 gesot net méi richteg… well dat jo ower ewell vill ze al wier. Dat sinn dann deer ganz Louser, déi mengen, dat däitscht ‚Altersmilde‘ giff am Lëtzebuergesche mat ‚mëll an der Bir‘ iwwersat…‘Quetschen och!‘ ass zwar en uralen Ausdrock; hien heescht ower nach ëmmer dselwecht a wäert och ni verblatzen.

Alain, elo méchs Du 34 Joer laang  (zënter 1984) Deng Sproochaarbecht op RTL; dat muss een emol kënnen…a maachen! Ech hat déi Éier 12 Joer laang virdrun , hunn dunnaus politeschen a beruffleche Grënn mäin ‚Ament fir eis Sprooch‘ gestoppt… an Dech deemools dem Roby Rauchs fir eng Sprooch-Emissioun virgeschloen. Wann ech eng Kéier richteg geleeën hunn, da war et deemools; et ass nach ëmmer goldrichteg. Mir zwéin hunn äis  ëmmer gutt verstan, si Kollegen an der Saach a Suerg fir eis Sprooch, an houfreg, nach haut zesummen am ieweschte Gremium fir eis Sprooch, dem Sprooch-Conseil CPLL matzeschaffen.

Fir d’Lëtzebuergescht hu mir zwéin ewell an de ‚siwenzeger‘ Joere gewuddert, wéi mir – deemools nach zesummen am ‚Pôle Nord‘ – un de Regele gedoktert hunn, fir dem Robert Krieps et ze erméiglechen, säin Arrêté fir d’Orthographie erauszeginn… e Reglement, fir dat mir de Minister vun der Actioun-Lëtzebuergesch aus laang genuch ‚gebengelt‘ haten. Du selwer wars deemools ewell zënter Joer an Dag Member vum ‚Institut‘ an has Dir och schon en Numm mat den éischten Iwwersetzunge vun Evangelientexter gemaach. Mir si mat eiser ‚Actioun‘ op eng praktesch Fassong ënnert d’Leit gaang. An dat mengerwärreg net ëmsoss! Wien hätt da soss un e Sproochgesetz wéi dat vun 1984 geduecht?

Leider mengen der e sëllechen, wann der zwéin an enger Saach un engem Strack gengen zéien… da misste si ‚Géigner‘ sinn, op d’allermannst ‚Konkurrenten‘. Grad esou ass et jo fir de Brauns Josy gewiescht, deen op seng Fassong eiser Sprooch dees Allerbeschte ginn huet; hie war vrun allem Auteur an hat en overwiesselbart Talent fir mat eiser Schreifweis ze ‚schoulmeeschteren‘. Mir 3 stongen äis ni an de Féiss, an et huet äis bei der Saach a Suerg fir d’Lëtzebuergescht  ower och guer näischt dru gehënnert, eiser Sprooch eng Stäip ze ginn… jiddereen op sengem ‚Pad‘, ower ëmmer an déiselwecht Direktioun. Allen dräi hu mir iwregens d’Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz kritt.

Du, Alain, hues e ganz héich respektabelen Hank, d’Lëtzebuergescht éischter an senger historescher Dimensioun ze kucken; et kënnt ee soen als ‚Sproochhistoriker‘.  An Dengem Beruff als ‚Conservateur‘ am Staatsarchiv wars Du goldrichteg, souzesoen an Dengem Element; dat weist sech natierlech och an Denge Publikatiounen an Theaterstécker. Déi Deeg, wou s Du am Land selwer, grad ewéi an der Sproochgéigend  rondrëm d’Lëtzebuergescht op Toun a Qualitéit ofgelauschtert  a wëssenschaftlech verschafft hues, sinn net opzerechnen. Doriwwer soll jidferee frou sinn, deem eis Sprooch um Häerz (a Verstand?) läit.

Léiwe Sproochmates a Kolleg Alain: Ech wënschen Dir an äis alleguer, dass Du nach eng ganz Gaaschel (?) Joere laang bei beschter Gesondheet mat Dengem gudden – an zolitte – Kapp Deng Bäiluechte fir eis Sprooch brénge kanns!

RTL-Sproochmates: Den Alain Atten krut 80 Joer a ganz vill Leit hu gratuléiert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.