Eis Sprooch mam Lex RothMammesprooch

Wat e schéint Wuert ! Et ass jo och der Mammi hir Stëmm, an domat hirt Schwätzen, dat een als ‚Mini-Puppeli‘ bei hir am Banneschten héiert.

Haut ass et gewosst, an et gëtt ‚elektronesch‘ bewisen, datt e Kand am Mammebauch op Geräischer reagéiert, also och op d’Schwätze vun senger Mamm; ganz kloer och op déi ‚Téin‘, déi aus hirer direkter Ëmgéigend um Kand seng Ouere kommen. Wat heescht dat, wa mir méi wäit iwwerleeën?

Jidfer Sprooch huet eng eege Melodie, déi durch Betounug entsteet; d’Wuert ‚Betounung‘ schwätzt jo direkt vun ‚Toun‘. E ganz einfache Verglach tëscht dem Franséischen an deer däitscher Sprooch mécht äis et séier kloer, datt et ewell doduerch en Ënnerscheed tëscht deenen zwou Sprooche gëtt, well déi eng (d’Franséischt) dmeescht op deer leschter Silb betount, déi däitsch ower um viischten Deel vun de Wierder…a mir: mëschen déi zwou Betounungszorten! Wouduerch dann dat erauskënnt, wat de Fernand Hoffmann sengerzäit ‚Schaukelmelodie‘ genannt huet.

Grad déi méi ‚gedänzelt‘ Betounug gëtt dem Lëtzebuergeschen dann och, nieft de Wierder selwer, eng eegen Art, also Eegenart, deemno eng ‚Identitéit‘! Huelt emol als Beispill dat Wuert ‚Balkon‘, am Däitschen op deer éischter Silb an am Franséischen op deer leschter betount; mir betounen en typescht franséischt Wuert dacks op deer éischter Silb (Trottoir, Entrée, Auto…) a fannen et ganz ‚normal‘ , datt mir d’Betounug op deer leschter mat an ‚eist‘ Franséischt eriwwerhuelen/-schaukelen. D’Fransousen hunn op deem Gebitt déi gréisste Krämperei. Lauschtert emol nëmmen, wéi si ‚auslännesch‘ Nimm vernennen an op déi hënnescht Silb drécken, datt et jiipst :-)

Wat ass dann elo ower d’Mammesprooch? Mä deen ‚Idiom‘, mat deem mir léieren, déi éischt ‚Andréck‘, déi éischt Gedanken, déi éischt eegen Iwwerleeungen ‚auszedrécken‘, also hinne Lauter, Téin ze ginn. Dat ass eng formidabel Leeschtung vun eisem Gehier, méi burschikos ausgedréckt: vun eisem ‚Täti‘! Also kënnt een et vereinfacht der Rei no esou soen: Téin/Lauter > Wierder > Saz-Stéckelcher(ouni Verb) > Sätz…a wéi de Goethe emol gesot huet:…das unterscheidet uns von allen Wesen die wir kennen! …och wa mir haut wëssen, datt et an der Déierewelt verschidden Zorte vun (Deel-)Intelligenzen, esouguer ‚Sprooche‘ gëtt.

Eisen éischten Idiom, alias ‚Mammesprooch‘, ass iwregens an eisem Gehier och op enger anerer Plaz doheem wéi all aner Sproochen, déi mir méi spéit léieren. Dat guff ewell viru ronn 50 Joer mat Experimenter vu japanesche Kanner festgestallt; déi eng waren ‚doheem‘ op engelesch opgewuess an hunn duerno Japanesch als zweet Sprooch bäikritt; aner sinn op Japanesch ‚gezillt‘ ginn a kruten d’Englescht herno ‚bäigeprafft‘; déi sproochlech Reaktioune waren herno grondverschidden…wat haut nach vill besser mat ‚Elektroden‘ opgehol gëtt.

Mam Lëtzebuergeschen an dem Portugiseschen/Italiéineschem/Slavischem…ass et natierlech net anescht: Hei muss een tëscht ‚Mammesprooch‘ an der ‚Ëmgankssprooch vun herno (Schoul, Noperschaft, Frënn, Kollegen) ënnerscheeden. D’Enn vun deer ‚Geschicht ass no en etleche Generatiounen ower ëmmer datselwecht; ‚eis‘ Italiéiner vun deer 3. Generatioun schwätzen haut datselwecht wéi déi sougenannte ‚Stacklëtzebuerger‘. Dat gëllt kloererweis och fir d’Kandskanner vu portugiseschen oder anere Leit.

Et läit just un de Lëtzebuerger ‘Mammesprooch-Leit’ fir eiser Sprooch op all Manéier déi beschtméiglech Chance fir déi ‚Evolutioun‘ ze garantéieren: d’Gefill, datt mir all zesumme kënnen an engem eegene Land liewen, dat en ‚eegent/identitärt  Gesiicht‘ huet…ower ouni ‚ismus‘!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.