Flunkernews 09/18GroKo, Kartuschen, Wëllef, Garden an Terrainen

Liesen oder lauschteren - a laachen! Mam Serge Olmo.

GroKo: Dëst ass jo den Numm fir di grouss Koalitioun tëscht der Unioun an der SPD an Däitschland. Och a Korea kënnt et eventuell eng grouss Koalitioun ginn tëscht dem Norden an dem Süden. Heescht déi Koalitioun da GroKor?

Alt nees eng Dommheet: Den amerikanesche President wëll d’Léierpersonal arméieren am Fall vun Attacken op d’Schüler oder Studenten. Fir ze maachen, wéi wann een dem Trump géif Recht ginn, gëtt dru geduecht, fir an enger éischter Phas de Proffe Bicker ze ginn - awer mat Kartuschen.

D'Flunkernews 9/2018 vum Serge Olmo



Nees Wëllef bei eis: Dat ass erausfonnt ginn, well e Schof gerass gouf. Wann et e schwaarzt Schof war, da war dee Wollef wahrscheinlech e ge-Rassist.

Gardë virum Palais kënne sech elo wieren: Wéinst der potenzieller Gefor am Kontext Terrorismus ginn d’Garden arméiert fir hir «Self Defence». Am Fong gëtt wierklech permanent op si geziilt, awer mam Handy fir Selfien ze maachen. Eigentlech bréichten si eng «Selfie Defence» ...

Logementsproblematik: Dat war dës Woch en Thema an der Chamber. Haaptsächlech sinn d’Terraine vill ze deier am Verglach zum Ausland; en plus si se net esou gutt. De Beweis ass, datt just bei eis d'Futtballsmatcher ofgesot gi wéinst de schlechten Terrains-Konditiounen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...