Flunkernews 20/18Royal Wedding, Dateschutz, Rietsruck, Marathon a WM 2018

Flunkernews 20/18



Aner Zäiten beim Royal Wedding:
1936 huet den Edouard VIII missten ofdanken, well hien sech mam Wallis Simpson bestuet hat, wat gescheet war. Dem Meghan Markle ass et, als gescheete Fra, definitiv besser ergaangen wéi dem "Wallis" well d’Meghan gouf elo bestuet mam Harry vun de "Waliser".

Neit europäescht Dateschutzgesetz ab dem 25.05.: D’Leit sollen nach méi oppassen op hir Passwierder an net ëmmer d’Nimm vun hire Kanner oder Frënn benotzen. Vill Hacker sammelen d’Donnéeë bei de Fussballmatcher. Et gëtt ëmmer de Numm vun dem geruff deen eng Pass soll maachen. Esou kommen d’Hacker liicht un d’Passwierder.

Rietsruck: Et gesäit elo aus wéi wann an Italien d’Regierung mat de Rietspopulisten steet. D’Lega mécht bal esou krass Deklaratioune wéi den Orban aus Ungarn. Wann een den Italienesche Fändel hëlt an et dréint een dësen 270° no riets dann huet een den ungaresche Fändel.

Marathoner an de Grousstiet: Bei de Sponsoren an haaptsächlech och bei de Banken geet et ëm de Fric awer och bei den Athleten déi matmaachen. D’Gewënner déi mat Recht hir Prime kréien sinn och meeschtens Afric-aner.

D’Kadere si bal all bekannt fir d’WM: Esou lues misst een sech och Gedanke maachen wéi et mat den Hooligans wäert goen. Di onkamouts Supporter, an zwar di provokant Dirigenten vu verschiddene Länner, sinn emol net dobäi well hiert Land sech net qualifizéiert huet esou wéi d’Leader vun der Tierkei, Nordkorea, den USA, Ungarn… 

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...