Flunkernews 37/18Bréifbommen, Wal zu De Haan, Gambia, Oppsitioun a Schong

Flunkernews vum 27. Oktober vum Serge Olmo



Bréifbommen an de States:
Et ass opgefall datt all d’Leit déi esou e Bréif vun deene Feiglingen kruten dee selwechte Saz an hirem Courrier stoen haten. Mer soen iech awer net wat do stoung. Dat wier nämlech geféierlech well et ass e «Sprengsaz».

35-Tonne Wal: Zu De Haan gouf de Kadaver vun engem Wal fonnt. An der Belsch gëtt vill driwwer geschwat ob d’Déier aus Flanderen koum. D’Leit aus der franséichsproocheger Regioun soen awer hie kéim ganz sécher aus der Wal-lonie.

Komesch Telefonsnummeren: Et kritt ee reegelméisseg vu komeschen Nummeren aus dem Ausland ugeruff zum Beispill och aus Afrika. Et soll een ni ophiewen. Deen eenzegen deen ganz sécher ophieft wann een aus Gambia urifft, ass de Claude Wiseler deen ongedellëg op esou en Uruff waart.

Koalitiounsgespréicher: Di 3 Gambia Parteien gesi sech reegelméisseg fir hir Majoritéit ze plangen. Firwat ginn et keng Koalitiounsgespréicher fir d’Oppostiounsparteien? Egal wéi géif et schwéier ginn, wéi bei Gambia, e Fändel ze fannen dee Rout, Blo, Orange a Moof ass.

Italienesche Budget refuséiert vun der EU: Dofir huet en Eurodeputéieren vun der rietsextremer Lega, wärend enger Ried vum Pierre Moscovici, him seng Notten mat sengem Schong verschmotzt. Dëst ass e Symbol well d’italienescht Land huet d’Form vun engem Schong  a blaméiert sech mat deene Leit um Pouvoir.


Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...