Flunkernews 38/18Opluedstatiounen, Allerhellgen, Immigratioun, Jair a Profilfoto

Flunkernews 38/18



Zeeche vun der Zäit:
ëmmer méi Statioune wäerten installéiert ginn fir di elektresch Autoen ze lueden ënner anerem och virun de Kierfechter. Allerhellgen war dat e Problem well Parkplazen dowéinst ewech gefall waren. Dat ass awer ubruecht well besonnesch hei an deen Dag soll een un d’Lueden denken.

Allerhellgen an Allerséilen: Wat hunn di aarm Paschtéier do missten Iwwerstonnen drummen. Si kréien dës méi wéi sécher net majoréiert. Si fillen sech gewerkschaftlech net esou richteg ënnerstëtzt obwuel dat jo awer Saint-dicaten sinn.

Immigratioun: Dausenden an Dausende Leit flüchten aus Honduras an Salvador an Direktioun USA wat de President a seng protektionistesch Supporter op d’Palm dreift. Taktesch gesinn wier et gutt wann d’Informatioun géif duerchsickeren datt di Leit all an d’States wëlle kommen fir Waffen ze kafen well da wier d’Administratioun Trump bestëmmt endlech méi coulant.

Brasilien huet och säin Trump: Schonn e puer Deeg nodeem de brasilianesche President Jair Bolsonaro um Rudder ass, hellt dësen trumpähnlech Decisiounen. Geschwënn wäert de neie President eis säi Fliger presentéieren. Et misst den J-Air Force One sinn.

Nei Medien: All Joers pünktlech fir d’Zäit wou d’Wanterpneuen mussen verkaf ginn an op d’Autoen musse montéiert ginn, wiesselt eise Garagist, fir ze weisen datt déi Pneuen méi Grip hunn, d'Profilfoto op Facebook.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...