Eis Sprooch mam Lex RothAn elo ?

Mir ware wielen/stëmmen. D’Resultat kennt dir, an hei git dir keng politesch Meenung doriwwer fannen; do soll/däerf jiddereen seng hunn a behalen. Mir stelle just fest, datt et de Verspriechen no net ze schaufel fir eis Sprooch wäert ausgesin; zemol wéi et fir d’Lëtzebuergescht an der Constitutioun, der ‚Verfasung‘ vun eisem Staat kann ausgoen.

Et ass z.B. eng prima Saach, datt et am aktuelle Sproochgesetz vun dësem Joer – dat et just virum neie Gesiicht vun eiser Chamber nach an dat ‚déckt Buch‘ gepackt huet – elo en ‚Zenter‘ fir d’Sprooch vum Land gëtt; datt do och e Commissaire dra steet… an datt deen ewell genannt ass! Äre Schreiwert weess, wat dee Sproochcommissaire dem Lëtzebuergesche wert ka sinn/ginn, well et ass net ‚afeg,  joerelaang als ‚Privatmann‘ bei Ministeren ze krauchen, fir eng Saach fir d’Lëtzebuergescht an d’Rei ze kréien: Mir däerfe jo net vergiessen, datt et och Politiker guff a gëtt, deenen eis Sprooch am Fong egal ass; do kritt ee knapps e Feierchen un d’Brennen.

Ee Gléck hunn ech viru ronn 40 Joer (o mei!) bei Ministere wéi dem Jean-Pierre Büchler, dem Jean Hamilius, dem Jean Dupong, dem Robert Krieps, dem Pierre Werner, dem Fernand Boden, dem Colette Flesch, dem Luc Frieden, oder Direktere wéi dem Här Jos. Heinen vun der Post an dem Patrice Schonckert vum Kadaster en oppent Ouer fir d’Lëtzebuergescht um praktesche Plang fonnt, soss gengt dir am Tëlephonsbuch oder op kengem Schëld de lëtzebuergeschen Numm fir eng Uertschaft fannen; et wier ni e Wuert iwwer e Schoulbuch rieds gaang; d’Lëtzebuergesch- Coursë fir Auslänner wieren net op d’Been komm; d’Sprooch(e)gesetz vun 1984, grad ewéi alles, dat sech dorop gebaut huet, wier nach ëmmer e fromme Wonsch; an et hätt sech bis haut nach näischt rondrëm eis ‚Kadasternimm‘ geréiert; op eisem Pass an op ‚Käppercher wier d’Lëtzebuergescht net ernimmt, an, an , an… datt déi Saache vun den 2 jéngste Generatioune vun haut als ‚normal‘ gekuckt ginn, ass dach wonnerbar!

Mat engem ‚Zenter‘ fir eis Sprooch an dem Commissaire fir d’Lëtzebuergescht hu mir elo en direkte Wee an all Regierung, fir Iddien eranzeginn an ze diskutéieren, déi nun emol net einfach nëmmen d’Saach vun engem Veräin wéi eiser ‚Actioun Lëtzebuergesch‘ oder eenzelen Intresséierte kënne bleiwen. Mir hunn elo souzesoen en ‚direkten‘ Drot! E Commissaire kann sech z.B. iwwer säi Minister ouni Féischte fir d’Lëtzebuergescht an eise Gemengen aschalten; dem Educatiounsminister a senge Leit Propositioune maachen; dem Justiz- resp. dem Finanzminister Virschléi iwwer Annoncë vu Lännerei-Steeë ginn; dem Communicatiouns- an Educatiounsminister d’Schafe vu Lëtzebuergesch-Coursë fir ‚Mikrosleit‘ méi no ze bréngen; d’Gebitter fir eis Sprooch op EU-Plang definéieren ze hëllefen… a wier et net och eng Iddi, dem Finanzminister eng %-Erliichterung virzeschloen, wann et sech ëm Publikatiounen an eiser Sprooch a rondrëm d’Lëtzebuergescht dréint. Dat sinn natierlech bal alles fromm Wënsch, mä eis Aarbecht fir d’Sprooch vum Land huet jo aus elauter deer ‚Dreem‘ bestan. Dovunner sinn der ower eng ganz Schwadrull haut Wierklechkeet… an zwar esou, datt haut déi Allermeescht mengen, dat wier ‚ëmmer esou gewiescht‘.

Mä, gelldir, dat ass jo am Fong dat Allerschéinst, wat ee sech als Resultat fir eng Actioun-Lëtzebuergesch an e Sprooch-Wibbeler ka virstellen. Oder net?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.