Eraus an d'NaturFaarwen a Fielsen an den Noumerleeën

Gréng, giel, rout a brong - ni ass d'Natur méi faarweg wéi am Hierscht. Wann dann nach e bloen Himmel derbäi kënnt, ass d'Kuliss perfekt.

Esou war et dëse Weekend: dréchen a frësch - gëtt et e bessert Klima, fir eraus an d'Natur ze goen a se ze genéissen?

Zum Beispill op engem klengen Trëppeltour, deen zimlech zentral am Land läit. Méi genee zu Noumer. Hei gëtt et d'Noumerleeën, och nach Noumerlayen geschriwwen.

Den Economieministère huet hei ënnert anerem e gemittleche Wee flott markéiert: "N1" geet vum Parking beim Camping Noumerlayen fort, féiert kuerz iwwer d'Gewan a verschwënnt dann an engem Bësch mat Koppen, Kéieren, Fielsen an enger Partie flotte Vuen.



Mat den éischten imposante Beem dauchen och interessant Fielsformatiounen op. Do muss ee sech dann och decidéieren, ob een no riets oder no lénks goe wëll - wat am Fong awer egal ass, well de Wee ass e Circuit vun eppes méi wéi 4 Kilometer.



De Wee ass tipptopp an der Rei, munchmol geet et liicht biergop oder liicht biergop, heiansdo ass de Wee schmuel, ma richteg ustrengend oder geféierlech ass en zu kengem Ament.

Zu den Highlighte gehéieren e puer Schlëss wéi d'"Hexelee" an d'"Drachelay", duerch déi ee "klotere" kann (opgepasst op de Kapp), an e puer Trapen, déi erop op Fielse féieren.

Am schéinsten ass de Wee ëmmer dann, wann en no laanscht Fielswänn féiert - am all Hierschtbësch ass am Fong schonn en Highlight fir sech!



D'Noumerleeën gehéieren zu der klenger Lëtzebuerger Schwäiz mam Lëtzebuerger Sandsteen. Op mullerthal.lu gi se esou beschriwwen:

Die Noumerleeën sind ein Miniaturbild der gesamten Sandsteinregion der Kleinen Luxemburger Schweiz. Auf kleiner Fläche können hier nahezu alle geologisch interessanten Aspekte der Region entdeckt werden. Es finden sich zahlreiche verschiedene Ablagerungsschichten und Verwitterungsspuren. Besonders ausgeprägt ist die Wabenverwitterung, die an Bienenwaben erinnert. Neben engen Felsdurchlässen (lux. Schlëff) und Halbhöhlen können außerdem Spuren historischer Nutzung bestaunt werden. Auf einem Felsvorsprung befinden sich die sehr gut sichtbaren Reste der römischen Fliehburg Alebuerg und es gibt zahlreiche Spuren ehemaliger Meilerplätze, auf denen Holzkohle hergestellt wurde.



Natierlech gëtt et eng ganz Rëtsch Wanderweeër oder Trëppeltouren duerch d'Noumerleeën - laanger a kuerzer. Den N1 ass ganz gemittlech ze goen ... also: Bonne route!

Weider Trëppeltoure mat Fotoen aus eisem Archiv
Oktober 2017: D'Häertcheslay bei Guedber

Den Häertchesbësch mat der Häertcheslay a ville Champignonen


August 2017: Trip ronderëm de Stauséi

52 Kilometer an engem Dag


November 2016: Dabo an der Lorraine

Loscht op Pilzen, eng schéi Vue mat Wand an e bëssen Elsass?


Juni 2016: Schetzel-Wanderwee

Bis bei d'Quell vun der Wäisser Iernz


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.