Flunkernews 40/18Gilets jaunes, Taktik, Sozialkonflikt, Iren a Kommissär

Flunkernews 40/18



Maniffen vun de Gilets jaunes am Frankräich
: Di giel Gileten ginn ugedoen fir datt d’Leit visibel solle sinn. Am Frankräich war et deen Dag an de Maniffen ëmgedréint. Do gouf ee gesinn wann ee näischt ugedoen huet wat giel reflektéiert huet.

Grouss Enttäuschung: Lëtzebuerg huet et net gepackt fir sech fir d’Play offen ze qualifizéieren. Am Virfeld vum Match géint Wäissrussland hat de Luc Holtz d’Ëffentlechkeet vun den Traininger ausgeschloss fir d’Taktik net ze weisen. Um Match war di ganz Ëffentlechkeet zwar do mä gewisen hu si d’Taktik och net.

Luxtram: D’Conciliatioun ass ugesot wéinst dem Sozialkonflikt. Et riskéiert e Streik ze kommen an datt et zu Arrêten kënnt. Fir d’Luxtram Responsabel ass dat kee Problem; wat méi Arrêten wat besser...

Accord bei de Grenzen: Et schéngt esou ze sinn datt et en Accord kéint ginn am Kontext Brexit fir d’Grenz tëscht Nordirland an der Irescher Republik. D’Fro ass ob een do op der Grenz nach Douan-Iren brauch?

EU Kommissär: De Nicolas Schmit an den Etienne Schneider wollten anscheinend EU Kommissär ginn. De Schneider huet sech zréck gezunn. Hien hätt awer guer net missten. Et ginn der jo 28 däer Kommissärer. Deen een vun hinnen hätt jo kënnen di normal Lëtzebuerger Plaz kréien an dee aneren d’Plaz vun de Britten well bis do eppes decidéiert wäert sinn fir de Brexit...


Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...