Flunkernews 41/18Klappjuegd, Thanksgiving, PDG, Gibraltar a Giel Vesten

D'Flunkernews vum Serge Olmo (41/18)



Klappjuegd:
Tëscht dem Mierscherbierg a Colmer-Bierg huet um Freideg d’Autobunn misse gespaart ginn. Miersch-Schwéngerscher op der Strooss; dat hätt een an de Grëff kritt, mä en Trapp Wëllschwäin dat war definitiv ze geféierlech.

Thanksgiving an de States: Et gi ganz vill Selfië gemaach um Iessdësch mat den knusperegen Dinden. Ech fannen dat deplacéiert, fir d’Fotoapparater oder d’"Dindiën" fir esou Selfien ze benotzen.

De räiche PDG am Prisong: De Carlos Ghosn, Chef vu Renault, Mitsubishi a Nissan, huet Steieren hannerzunn. D’Japaner spaasse net domadder. Den Topmanager ass elo fir e puer Wochen an enger Zell ouni Tëlee oder Handy. Hien, deen a sengen Autoen all di modernst Apparater gewinnt war, krut kee Fräisproch. Kee Wonner; an der Zell huet hie jo keng Fräispriechanlag.

Gibraltar - e Problem méi: D’Spuenier an d’Brite streide sech am Kontext Brexit ëm dee klengen Territoire. Elo kënnt nach dobäi, datt sech den Donald Trump wäert amëschen. Hien huet nämlech héieren, datt et am Fong ëm de Gibraltar Detroit geet ...

Giel Westen: D’Mani-West-atiounen a Blokade schéngen a Frankräich nach laang unzehalen. Et muss geschwënn eppes geschéien, fir datt d’Leit dat nach weider toleréieren. Et gëtt driwwer geschwat, datt d’Gilets jaunes an Zukunft eppes Sënnvolles op de Blokade wäerte maachen an zwar d’Pneuen an d’Luuchte vun den Autoe kontrolléieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...