Flunkernews 42/18Brexitminister, Implantater, Vizepremier, Cannabis an F91

D'Flunkernews vum Serge Olmo (42/18)


Neien Brexitminister:
Et ass alt nees e neien deen an der May-Regierung op dem Posten sëtzt. Et ass normal vu datt d’Britten „austrieden" datt et dofir en eegenen „Res-Sort“ gëtt.

„Implants Files“: No déiwen Investigatiounen ass kloer erauskomm datt et ganz schlëmm Fraude ginn bei den Implantater haaptsächlech well dës dacks net aus dem richtegen a virun allem gudden Materiel hiergestallt ginn. Vill Leit schéngen dat awer gewosst ze hunn well verschiddener vu menge Kollegen sote mer si hätten e falschen Knéi oder eng falsch Hëft…

Firwat dann elo 2 Vizepremieren? : Mer kennen nach net all d’Detailer mä anscheinend ginn et och verschidde Memberen an der Regierung di net Vizepremier sinn.

Neierung bei Gambia 2.0: Geschwë stëmmen d‘Deputéiert e Gesetz fir de Cannabis ze legaliséieren. Et wäert ganz vill driwwer diskutéiert ginn. Do ass et da ganz ubruecht datt d’Chamber um „Kraut"maart ass.

Mäzen wiesselt no vill Erfolleger?: De Flavio Becca wiesselt vläicht kuerzfristeg vun Diddeleng op Hesper. Et sinn der déi soen de Veräin géif F91 heeschen wéinst dem Mäzen sengem Virnumm. Wann de Wiessel op Hesper 2019 géif stattfannen an dat och mam Numm esou geet, da kinnt de Geschäftsmann vum F91 bei den neien F19 wiesselen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...