Eis Sprooch mam Lex RothTypesch Lëtzebuergesch? Jo!

Natierlech gëtt et dees net mat Honnerten. Et huet esouguer beim Robert Bruch an dem Fernand Hoffmann geheescht, zënter dem Fixspoun an dem ‚Gromperekiewerlek‘ (am 19. Joerhonnert) wier kee lëtzebuergescht Wuert méi entstan… bei allem Respekt fir déi dichteg a fläisseg Professeren… absolutt dolaanscht! Doriwwer hat ech ewell 1979(!) eng Ëmfro fir an den ‚Hei Elei gemaach…an et sinn Dosende vu Postkaarte mat kéipweis Beispiller fir eiser Ausdréck no deer ‚Fixspéins a Kiewerleks- Behaaptung komm; déi iwregens och eisem Frënd Jérôme Lulling fir seng ‚Maîtrise‘ zu Montpellier net schlecht an „d’Pännche“ gepasst hunn.

Noweisbar ass dach de ‚Knätschgummi‘ typesch Eises a keng wuertwiertlech Iwwersetzung vun ‚to chew/mâcher‘/kauen, well ‚knätschen‘ ass nun emol net ‚knaen‘; nach méi wäit: et ass esou guer de Substantiv ‚Knätsch‘ draus ginn… dat ka fréistens nom 1. Weltkrich entstane sinn an nom 2. populär, grad ewéi d’Feiersteng, de Klabes, de Späizmännchen, esouguer d’Pastadschutta ( aus falschverstanenem ‚Italiéinesch‘ gekniwwelt, well do wier dat dréchent Genuddels). Mir fannen Dosenden Ausdréck, déi (begrenzt) op de Schmelzen, der Goodyear an op allméigleche Schaffplazen entstan sinn, mä vläicht och erëm verblatzen a verschwannen.

 Op eiser Musel hu mir e ganze Quascht/Quoost Ausdrocksweisen, déi zu Ettelbréck kee ‚matkritt‘; Iechternach huet e sëllechen dees kauzege Sproochgedéngels opweises, net nëmmen de ‚Broostlobseekelchen‘.Wee vun deene ‚junge Lekt‘ weess dann zu Wolz hakt nach, wat ‚bregden‘ heescht…et steet eewel/ower am Reenert…et ass mat der Liederindustrie ënnergaang. Wat ass dann ‚en Péiperplap‘? Kennt dir den ‚Akeschësser‘? Wou gëtt ‚Peepche‘ gemaach a bësele ‚Bujellien? Wat ass/war den Ënnerscheed tëscht enger enger ‚Kuelebootsch‚ enger einfacher Bootsch‘ a ‚Gebootschtenen‘? Wat wier dat intressant, wann een sech mat all deene ‚Kauzen‘ a ‚Variante geng ofgin?! Op eiser UNI sinn se um gudde Wee…op deem nach e sëlleche Pied d’Säit aus gin.

Ganz dacks hu mir och Ausdréck, wou da knapps e Mënsch sech geng soen, datt et typesch lëtzebuergescher sinn. E flott Beispill ass ower dee ‚Leitsgeheier‘ vu KNUPPERT (Böller). Hei hu mir et mat engem Beispill aus enger ganz intressanter Wuertfamill am Lëtzebueregeschen ze din: d’Verb knuppen steet a kengem däitschen Dictionnaire…  scho guer net an deene sëlleche Bedeitungen; dat heescht do vrun allem ‚krachen‘! Eng Knupp fannt dir do och net, sief se  um Kapp oder als ‚Topos‘/Flouernumm, wéi z,B. zu Wolz oder Briedemes; Knippercher sicht dir bausst Lëtzebuerg an enger Pâtissereie ëmsoss. Wësst dir wat Knuppekéil sinn? Datt ee fir aner Sproochen och alt Vokabele muss knuppen (béchsen), ass soss néierens doheem wéi an eisem esou aaaarmen Dialekt.

Dann eppes, dat et vru Joeren hei net guff: de KNUPPERT! Dach, mä da waren et op zeg Plaze Leit, déi ‚um/op der Knupp‘ gewunnt hunn. Dee Knuppert vun haut hate mir ni am Sënn vum däitsche Böller. Deen ass zesoe fuschnei!, geet ville Leit déck op de Wak a kann och schéi geféierlech ginn… just net fir eis Sprooch, deer hien en neit Wuert bei déi grouss ‚Knuppefamill‘ bruecht huet. An dat ass jo fir de Schluss vun eiser klenger Ierbëssenzielerei… eng ‚Knuppefreed‘!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.