Flunkernews 02/19Giel Gileten, Biissen, Veganer, Platiktuten an Klappjuegd

Flunkernews 2/2019 vum Serge Olmo



Giel Gileten och zu Lëtzebuerg:
Et sinn nëmme ganz wéineg Leit dem Appell gefollegt, fir um Kierchbierg ze manifestéieren. Si hate bestëmmt net zoufälleg d’Strooss erausgesicht, wou si sech sollten treffen an zwar d’Avenue Jaune F. Kennedy um Kierchbierg…

Nei Terrainen: Zu Diddeleng verléisst jo de Mäzen vum F91 de Veräin, well hien keen neien Terrain kritt. Zu Biissen soll Google e risen Areal kréien, wou een esouguer 48 Fussballterraine kéint drop bauen. Net datt de Flavio Becca elo den FC Attert-Biissen wëll iwwerhuelen…

D’Veganer spaassen net: En Dealer vun haarden Droge gouf festgeholl. Dëst net well dat absolut verbueden ass, mä hien ass vu sengem vegane Client ugesicht ginn, well säi Stoff net komplett vegan war…

Vun elo u keng gratis Plastikstute méi: No engem Communiqué vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable war dat offiziell. Dëse Ministère ass definitiv am Kontext vu Plastik-Offall de Ministère de Tut-elle.

Grousse Petitiounssuccès: D’Ofschafe vun der Klappjuegd gëtt geschwënn en Thema am Parlament. Et ka gutt sinn, datt déi «Battueën» verbuede wäerte ginn, mä et wäert an der Chamber vill driwwer debattéiert musse ginn. Fir datt et keng Klappjuegd méi gëtt, muss also nach vill «dé-Battue» ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...