Eis Sprooch mam Lex RothVergiess, datt

vru 50 Joer knapps een dru geduecht huet, wéi et ëm eis Sprooch ‘als sollech/ comme telle’ gestan huet.

… deemools zënter Joer an Dag un engem Dictionnaire geschafft ginn ass… vun deem ower knapps een eppes gewosst huet, deen net mat der Saach selwer ze dinn hat.

eist Sproochegesetz (1984) zugudderlescht en Erfolleg vun der Actioun-Lëtzebuergesch war… déi ower d’éischt zerguttst dofir ‚geschleeft‘ ginn ass.

… déi däitschsproocheg TV ferm amgaang war, dat kleespert Lëtzebuergesch ze iwwerdubberen, quasi ze ersaufen.

… et kengem agefal ass, privat e Wuert op Lëtzebuergesch ze schreiwen; emol keng Neiooschkaart oder e Wuert aus der Vakanz.

… zwar Lëtzebuergesch als Schoulfach op der Zensur gestan huet, mä kee Buch do war, fir ët an der Schoul ze maachen; e Witz fir op ‚Schilda‘!

… een ëmsoss gesicht huet, wéi dat „Troine, Clemency, Tarchamps/Urspelt asw.“ dann an eiser Sprooch giff heeschen.

… een an der „rue Notre Dame“ gestan huet, an no der Ënneschtgaass gefrot huet.

…zesoe kee Mënsch dru geduecht huet, eng Annonce fir e Këndchen, eng Houchzäit oder e Stierffall ze maachen.

…mir äis 1941 mat eiser Sprooch géint d’Nazi-Fatzerte gewiert haten.

…et net mat ‚Literatur‘ genuch ass, fir dem Lëtzebuergeschen op de Been hëllefen ze bleiwen.

…eis Sprooch am Fong keng Plaz an der Kierch hat.

… et net een eenzegt Uertschafts- oder Stroosseschëld op Lëtzebuergesch guff.

… eis Sprooch um UKW-Radio no an no ëmmer méi d’Baach era gaang ass.

d’Chamberblietchen op Däitsch war, obschonns dees do kee Wuert geschwat guff.

… zënter de véierzeger Joeren an der Verfassung gestan huet, l’emploi des langues sera réglé par la loi… a ronn 40 Joer duerno kee Méckepipi geschitt war.

… een och Auslänner kann hëllefen, sech an eis Sprooch eranzeléieren.

… eis Sprooch dat bescht Mëttel ass, fir d’Integratioun vu Leit aus enger Dose verschiddenen anere Sproochen.

… d’Lëtzebuergescht eng Chance ass, fir ewell mat 7 Joer mussen an d’Däitscht an d’Franséischt mussen eranzegoen.

… bis elo nach net dru geduecht ginn ass, fir e Spezialcours Lëtzebuergesch fir Mikros- an Internetjournalisten opzebauen.

…den Internet eng formidabel Chance fir dat geschriwwent Lëtzebuergesch ass… och wann do mat Fale muss goe geléiert ginn.

…eis Sprooch sech ganz wäit vun deem ewechgemaach huet, wat ee gemenkerhand ënner ‚Dialekt‘ versteet.

…Dausende vu Lëtzebuerger e ganz ‚friemen‘ Numm hunn, ower 100% flott Lëtzebuergesch schwätzen.

…‘mir‘ 1976 déi éischt allgemeng Lëtzebuergesch Coursën an der Ex-Europaschoul ageféiert a gehal hunn.

…mir äis ‚net ginn‘, esoulaang (wéi am ale Sproch) eng Kniddel am Dëppen ass.

…‘mir‘ elo un déi 250. Nummer vun der KLACK an der Press kommen… an déi 500st hei op RTL.Lu!!!

…an, an, an. Abeejo!!!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.