Flunkernews 03/19Autosbränn, Hamburger, Grippewell, Lawinen an Handball WM

Flunkernews 3/2019 vum Serge Olmo



Ze vill Autosbränn:
Et ass mëttlerweil e grousse Problem an et gouf och eng «queston parlementaire » gestallt. Muncher behaapten et wieren Gilets Jaunes déi schëlleg wieren. Et goufen nämlech DNA Spueren an aner kloer Beweiser fonnt. Een Indice konnten d’Enquêteuren, an all Auto dee gebrannt huet, fannen an zwar waren dat giel Gileten.

McDo am Wäissen Haus: Well d’Personal aus dem Wäissen Haus wéinst dem «Shutdown» huet misste Congé huelen, huet den Trump e bëssen provokativ wëlle mat der Bestellung vun Hamburger, Cheeseburger…weisen datt säi Land vill méi lues dréint. Et ass awer net logesch dat wëllen mat Fast-Food ze weisen.

D’Grippewell ass do: Trotz de villen Grippenimpfungen ass d’Influenza do. Am Februar ass d’Zäit wou di meeschte Leit krank sinn. Et ass jo keen esou e Wonner well et ass jo de Mount Fièvr-ier.

De Moment grouss Lawinegefor: Di lescht Deeg war et a ville Schigebidder richteg problematesch fir iwwerhaapt dohin ze kommen haaptsächlech an der Schwäiz. Vill Leit haten Angscht oder keng Loscht op der Grenz eng La-Wignette ze kafen.

Sport a Politik: Op der Handball WM gouf et e Match tëscht unifiéierten Equippen. D’Nordkoreaner, déi punkto Ideologie leider Generatiounen zréckleien, hu mat Südkorea eng korrekt Ekipp presentéiert. Si waren iwwerrascht datt vis-à-vis och eng unifiéiert Ekipp wier wou Spiller aus Westdäitschland an der DDR  an engem Team wieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...