Eis Sprooch mam Lex RothMuer oder Mar ?

Dat ass deer Froen eng, déi mir eng sympathesch Madame dëslescht zu Steesel (jo, mat 2 e!) gestallt huet. Hei kënnt een ower och nach dat weelzer ‚moren‘ oder dat Escher ‚muar‘ , dat Dauler ‚mör‘ dobäi setzen. Wa mir et adverbial gebrauchen, also ‚mueres/mores/möres…‘, da misste mir nach dat Miseler ‚marjes‘ a gottweeswat vun alle méigleche Géigenden uechter d’Land erauskëddelen…ower wat bréngt dat der Aarbecht fir d’Conservatioun vun eiser Sprooch am Grousseganzen.. Et ass nun emol sou, datt eng Sprooch, egal watfir eng, zesoen nëmmen iwwer eng ‚Mëtt‘ op d’Been kënnt…an sech drop hält.

Mir kréien et da mat deem Phenomän ze dinn, deen ewell déi al Griechen als Problem gesinn hunn – a bestëmmt schon x-Sproochestämm Dausende vu Joere virdrun! D’Helleenen hu sech aus hiren Deel-‚Dialekter‘ fir hiren ‚Idiom‘ op eng ‚Koinè‘ eens gemaach, wat mir haut als ‚Mëttelsprooch‘ genge gesin. Op déi Manéier fanne mir déi Evolutiounen am selwechte Sënn an alle Sproochen, déi äis geleefeg sinn. Et war an ass deeselwechten Zock:

Am Däitschen: kloer, datt de Luther fir hir Sprooch mat senger ‚Bibelerei‘ eng Haaptroll gespillt huet, deer hir Entwécklung  da vrun allem am 18.Joerhonnert duerch d’Philosophen an d’Schrëftsteller ëmmer méi ‚geschlaffe‘ sollt ginn…alles vu virdrun, vum fréie bis an dat spéit Mëttelalter, mammelikanner! do bäisst een Net-Spezialist sech déi viischt an déi hënnescht Zänn aus. Bis bei den Thomas Mann, de Böll an de Grass ass et nach ‚sproochmeilewäit‘.

Et ass gewosst, datt dat ‚Englescht‘ vu virum 11. Joerhonnert fir äis e Buch mat 7 Reedelen ass; do versteet en ‚normale‘ Mënsch kee Villerchespippi! Dat hat ower  guer a glat näischt mat deem ‚Engleschen‘ ze din, dat Leit wéi de Shakespeare oder Shaw, den Twain asw. ‚populär‘ gemaach hunn…  dat mir mir haut op der BBC oder an der ‚Times‘ begéinen. Iwregens: firwat gëtt vun ‚Angelsächsesch‘ geschwat? Deen Ausdrock geet laanscht den enormen Afloss vum Franséische/Romaneschen, mat deem d’Normannen dee germanesche Sproochquascht iwwerzéie konnten…deen sech ower a Schottland, Wales wéi an Irland uewe gehal huet…wouriwwer nach eng Abberzuel ze babbele wier.

Dat Franséischt vun haut gitt dir virum 17. Joerhonnert  mat der Lanter sichen. Och hei fanne mir héich-politesch a kulturell Ursaache fir déi ‚Universalisatioun‘, déi een haut an der ‚langue de Voltaire‘ kennt. Et ass an de Joerhonnerten duerno kengem groussen Auteur méi agefall, dees regionalen oder lokale ‚parler‘ an de Meeschterwierker ze gebrauchen. Et ka keen deene sympathesche Sturkäpp vu Bretonen eppes verdenken, datt si op hire ‚jargon‘ halen; datselwecht ass de Fall a ville Géigende vu Frankräich…ower  a kenger gedréckter oder elektronescher Publikatioun vun ‚nationalem‘ Intressen; do kréie mir et mat engem ‚français moyen‘ ze dinn…hei wier ower elo eng laaaang  Schmier ze botteren. Mä et geet äis jo ëm d’Fro vum ‚Mëttel-Lëtzebuergeschen‘.

Als gebuerenem Wëlzer ass déi Problematik vis-à-vis vum ‚Veiner‘, dem ‚Eechternoacher‘, dem ‚Dauler‘, de Minetts-Sproochgebräicher oder dem ‚Miseler‘ asw. mie zimlech gutt bekannt, well en Deel vu mengem Liewen iwwerall do gelaf ass. Ëmsou méi spiert een dann, wéi wichteg am Fong eng verstänneg ‚Mëtt‘ ass a bleift. Intressant wier et dach, wann eis Linguiste-Wëssenschaftler sech an deem Sënn giffen an den Dicks, de Lentz, de Rodange, de Welter, de Reuland de Kremer, de Greisch, de Pütz, meng Wéinegkeet selwer an e sëllechen anerer erawullen, fir eng lëtzebuergesch ‚Koinè‘ erauszefilteren. Dat wier vläicht méi néideg wéi soss eng ‚Schnësserei‘. Majo, gellt, nedir…J



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.