ACEL: 3.000 Euro fir Patientevertriedung

D'ACEL wëll der Patientevertriedung hëllefen, zousätzlech Aktivitéiten z'organiséieren an déi bestehend auszebauen.

Och dëst Joer huet d'« Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois » (ACEL) de Benefice vun der Buvette, déi si während dem « Tournoi de Noël » gefouert huet, fir en gudden Zweck gespent.

Den « Tournoi Universitaire » (och nach « Tournoi de Noël » genannt) gëtt all Joer am Dezember vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat der LASEL organiséiert. Op deem Evenement fannen sech lëtzebuergesch Studenten aus allen Studentestied zesummen, fir an den verschiddenen Sportaarten wéi Fussball, Basket an Volleyball géinteneen unzetrieden.

Sou konnten sech d’Tréier Studenten am Fussball, d’Oochener am Basket an déi Saarbrécker am Volleyball dëst Joer duerchsetzen.

Zu Lëtzebuerg ginn et vill Associatiounen, déi sech asetze fir verschidden Zwecker. Sou goung den Erléis 2009 un d’ »Association luxembourgeoise pour la prévention des sévices à enfants » (ALUPSE) an deen 2010 un d'« Stëmm vun der Strooss ». Den Erléis 2011 huet d’ACEL decidéiert un d'Patientevertriedung ze ginn.

Dës ASBL gouf 1995 gegrënnt an huet säit 1998 eng Konventioun mam Gesondheetsministere. Obwuel se finanziell ënnerstëtzt gëtt an d'Membere Kotisatioune bezuelen, geet d'Geld net duer, fir all Projeten ze realiséieren, déi si sech virgeholl huet. Nei Aktivitéite si quasi onméiglech, well d’Sue feelen, a sou muss si sech, trotz aller Motivatioun, limitéieren a kann net all den Ufroe vun de Patiente gerecht ginn.

D'Patientevertriedung huet sech zur Aufgab gesat, haaptsächlech de Patient als solchen z'informéieren, souwuel allgemeng iwwer seng Rechter an Obligatiounen, wéi och am Suivi vu sengem medezineschen Dossier.

Se organiséiert doriwwer eraus och Konferenzen zu spezifesche Froen, mat deenen de Patient konfrontéiert gëtt.

D’ACEL wëll mat Hëllef vun hirer Spent vun 3000€ der Patientevertriedung ënnert d'Äerm gräifen an hinnen domatter erméiglechen, zousätzlech Aktivitéiten ze organiséieren, respektiv déi bestehend auszebauen.

D’ACEL hofft, och am Dezember 2012 nees vill sport-motivéiert Studente kënnen ze begréissen an dass den nächsten « Tournoi de Noël » zesummen mat der LASEL erëm e groussen Erfolleg gëtt.