SNJ Campen fir dëse Summer sou gutt wéi komplett ausgebucht

Och dëse Summer huet den „Service National de la Jeunesse“ nees eng sëllechen Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher ugebueden.

26 Aktivitéite mat ronn 950 Participanten, do waren déi meescht Aktivitéite dann och séier ausgebucht. An och fir déi kommend Evenementer am Summer sinn déi meeschte Plaze scho fort. Fir nach eng vun de wéinege Plazen ze kréie muss ee sech also begannen.

Ëm déi 60 Aktivitéite ginn all Joer vum SNJ fir déi kleng an e bësse méi grouss organiséiert. De Gros vun dëse Campen ass fir de Summer reservéiert. Wann ee sech nach fir eng vun de wéinege Plaze wëll umellen, mécht een dat am beschten iwwert den Internetsite www.agenda.snj.lu oder iwwert den Telefon 24786455.