Blog vum Pierre Weimerskirch



Méi Science wéi FictionLëtzebuerg um Wee an de Weltall

D'Ressourcë vun Asteroiden notzen, dat ass d'Iddi hannert dem „Space Resossources”-Programm vun der Regierung.

Lëtzebuerg wëll bei der Exploitatioun vum Weltall ee Virreider ginn a Firmen an de Grand-Duché lackelen. Eng Partie Betriber hu sech an de leschte Méint zu Lëtzebuerg neier gelooss.

Déi nächst Woch well de Vize-Premier Etienne Schneider bei enger offizieller Wirtschaftsmissioun an d'USA weider Entreprisen op Lëtzebuerg lackelen. Eng Equipe vun RTL geet mat an de Silicon Valley, wou ënnert anerem eng Visite bei der NASA geplangt ass. Vun der Platz bloggt den RTL-Journalist Pierre Weimerskirch.

Wat gëtt et schonn alles an der Raumfaartfuerschung? Wat sinn d’ Ziler vu Lëtzebuerg? Wat sinn d’ Chance fir ee klengt Land? A wat sinn déi donkel Säiten vum Ressourcen-Ofbau am Weltall?