Blog vum Pierre Weimerskirch



Kommerzialiséierung vum WeltallWie brauch dat?

"Space Mining" ass och Neiland fir Journalisten. E Wuert dofir op Lëtzebuergesch gëtt et net, ech wäert virop vun Ofbau vu Weltraumressourcë schreiwen.

An dësem Beräich ass villes nei, nach net richteg grëffeg, et gëtt vill gefuerscht a vill Leit hu grouss Visiounen.

Klengt Land, grouss Visioun?

D’Iddi fir Weltraumressourcen ofzebauen, fir esou fir Lëtzebuerg eng nei Nisch ze entdecken, gouf 2013 gebuer. Do war de Vize-Premier Etienne Schneider op Visite am Silcon Valley, do ënnert anerem beim NASA Ames Research Center. Gutt zwee Joer duerno war de Space-Ressources-Projet vun der Regierung gebuer.

D’Universum huet d’Mënschheet schonn ëmmer faszinéiert, net nëmme Lëtzebuerger Ministeren.

Neil Armstrong, éischte Mënsch um Mound© NASA

Ronderëm den éischte Mann um Mound gëtt et vill Verschwörungstheorien, dat virop aus der Heemecht vum Neil Armstrong. Verschiddener hu schonn deemools un alternativ Fakte gegleeft.

2017 zweiwelt kaum nach een, datt d’Erfuerschung vum Weltall net méiglech wier. D’Visionäre vun haut hunn nach ganz aner Iddien am Kapp, wei nëmmen ee Fouss op de Mound ze setzen.

De Mound bewunnbar maachen, Matières Premières am Weltall ofbauen an do notzen.

Investitioune fir Zukunft?

D’amerikanesch Weltraumagence NASA huet Pionéieraarbecht an der Exploratioun vum Universum geleescht. D’Russen, d’Japaner, d’Europäer an d'Chineese sinn nogezunn.

Mëttlerweil ass de Weltall kommerzialiséiert, et ass ee Milliarde-Business. Vun der ëffentlecher Hand ufanks finanzéiert, fléisst och elo ëmmer méi privat Kapital a Start-Ups, déi hire Bléck a Richtung Stärenhimmel riichten. Richard Branson, Elon Musk an Jeff Bezos, fir nëmmen dës Nimm ze nennen.

Elon Musk, Grënner vun Tesla a SpaceX© SpaceX

Grand-Duché an der Pole Position?

An der Pass-Kontroll an den USA ass ee Lëtzebuerger Journalist gefrot ginn, firwat en hei wier. Den Ierfgroussherzog a seng Fra, de Wirtschaftsminister, Vertrieder aus der Economie an e puer Journaliste wieren op Wirtschaftsmissioun zu Seattle a San Francisco, esou de Journalistekolleg. De Grenzbeamte ganz dreschen: “Dann ass jo bal ganz Lëtzebuerg hei.”

Lëtzebuerg ass kleng a wëll, op d'mannst wat den Ofbau vu Weltraumressourcen ugeet, mat deene Grousse matschwätzen. Bis elo huet dat net alt ze schlecht geklappt. Mat zwou amerikaneschen an enger japanescher Firma ass ee sech schonn eens, dës maache Büroen zu Lëtzebuerg op. An eng véiert Entreprise huet sech néiergelooss, dat well se mat LuxSpace schonn eng Dueschter-Gesellschaft zu Lëtzebuerg hunn.

Den 11. November vum leschte Joer huet d’Regierung ee Gesetzprojet presentéiert, dee Firme garantéiere soll, datt déi Rohstoffer, déi se am Weltall ofbauen, och hinne gehéieren. Esou ee Gesetz gëtt et den Ament nëmmen an den USA. De Lëtzebuerger Gesetzprojet kéint déi juristesch Garantien net erfëllen, esou de Staatsrot a sengem Avis iwwert den Text. Wei eng Auswierkungen dësen negativen Avis op de ganze Projet huet wäert ee gesinn. Dës Garantie fir privat Firmen awer ee vun den Haaptargumenter Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien.

Op den éischte Bléck schéngt der Regierung ee Coup gelongen ze sinn. Ob laangfristeg d’Land an d’Bierger eppes vun der Space-Ressource-Initiativ hunn wäert sech an de nächste Joren oder Joerzéngte weisen.

Zil vun dëser Wirtschaftsmissioun wier et “emol ze kucke wat et alles an deem Domän gëtt” an och Kontakter mat Entreprisen ze knäppe “fir datt se an Zukunft och u Lëtzebuerg denken”.


Um Méindeg war virgesi Plenetary Ressources kucken ze goen, dei ganz Lëtzebuerger Journaliste sinn awer net bis op Seattle komm (bis op de Kolleg vun RTL Radio deen een anere Vol hat). De Vol München-Chicago hat esouvill Retard datt den Uschlossfluch Sonndeg owes op Seattle net méi ze kréie war.

Um fréie Méindeg goung et Richtung San Francisco. Hei sti Visitte vu Start-Ups am Silcon Valley um Programm an och ee ganzen Dag beim Recherchezenter vun der NASA ass geplangt, méi dozou déi nächst Deeg.

An dësem Blog, wëll ech Zousazinformatiounen zum Thema “Space Mining” zesummestellen an och eegen Erfahrungen an Impressiounen deelen.

A mengem nächste Blog-Artikel wëll ech ee kritesche Bléck op den Ofbau vu Weltraumressourcë geheien. D’nächst Woch kënnt dir dann eng Serie vu Reportagë ronderëm d’Thema Space Weltraum a seng Erfuerschung op RTL Tëlé Lëtzebuerg kucken.

Froen an Ureegunge kënnt Dir gären als Kommentar hei ënnert den Artikel schreiwen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.