Blog vum Pierre Weimerskirch



Dark Side of the moonOfbau vu Weltraumressourcen, déi aner Säit vun der Medail

Dark Side of the Moon, déi donkel Säit vum Mound. E kritesche Bléck op den Ofbau vu Weltraumressourcen.

Lëtzebuerg gräift no de Stären (12.04.2017)
Dark Side of the Moon, déi däischter Säit vum Mound. E kritesche Bléck op den Ofbau vu Weltraumressourcen.

Kritik zu Lëtzebuerg géint de Projet vum Ofbau vu Weltraumressourcë gëtt et kaum, op d'mannst an der Ëffentlechkeet.

Et gëtt awer Géigner an déi net nëmmen an de Kommentaren op RTL.lu. Op Kritik reagéiert de Minister Etienne Schneider ëmmer mat de gläiche Wierder, de Verglach zum Satellitteprojet vum Jacques Santer mat der SES wier ufanks och belächelt ginn.

Och op Regierungsniveau schéngt ee sech net ganz eens, och wann et ëffentlech keng kritesch Äusserunge gëtt, ma hannert de Kulisse ginn et op d'mannst e puer Politiker vun Déi Gréng, déi dach gréisser ökologesch bedenken hunn.

Net alles wat glänzt ass Gold.

1) Äerd ausgesuckelt, elo och nach de Weltall?

Eng berechtegt Fro, de Massekonsum aus de leschte Joren huet dozou gefouert, dat ëmmer méi Matière Première gebraucht an ofgebaut gouf. Kuel, Pëtrol als Energiequell, Kricher goufe gefouert, d’Ëmwelt zerstéiert. Mir schwätze vu Rifkin-Etude, vu Kreeslafwirtschaft, wou alles nees soll kënne genotzt ginn an d’ Ressource besser agesat ginn a méi effizient, dat dach iergendwéi net am Aklang mat der Iddi am Weltall Ressourcen ofzebauen, och wann op eiser Welt ëmmer méi Mënsche liewen.

2) Technologië kënne fir aner Zwecker genotzt ginn.

Nach déi lescht Woch hat ech mat Kritiker geschwat, déi soten dat déi Technologien, déi fir de Weltall entwéckelt ginn och op anere Plaze kënne gesat ginn. Ganz kritesch misst een dat am sougenannten “Deep Sea Mining” gesinn, also beim Ofbau vu Mieresbuedemressourcen. Ähnlech wéi am Weltall sinn d’Konditiounen dausende Meter ënner Waasser ganz schwiereg. Wann e Goldrausch um Buedem vun de Mierer lassgeet, stellen sech Froe vu wiem gehéieren des oder och den Impakt op d’Ökosystemer. Et gëtt e grousst Konfliktpotential.

3) Wei gesäit de sougenannten normal Bierger de Projet?

Ëmfroe gëtt et keng, et gëtt déi eng déi d’Iddi begréissen, anerer déi et idiotesch fannen a net versti wéi esou vill Steiersuen an Zukunftsmusek investéiert ginn. Et ass ee Risikoinvest, deen hei gemaach gëtt, wei grouss dee Risiko ass, kann ech nach net aschätzen, well ech awer an de nächsten Deeg erausfannen.

Sécher huet de Projet vun der Regierung gewëssent Potential, et gëtt iwwer Lëtzebuerg geschwat, an eng grouss Wirtschaftsdelegatioun gëtt net ouni Weideres bei d’NASA invitéiert. Mee net alles wat glänzt ass Gold.

Satelitte-Firma SSL

Um zweeten Dag vun der Wirtschaftsmissioun stoung d’ Visite vun der Satelittefirma SSL um Programm. 84 Satellitten huet de privat Betrib am Orbit schwiewen.

Satelitten Hirsteller SSL© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzeburg

Fir den techneschen Direkter vu SSL ass déi gréissten Erausfuerderung fir d’ Exploratioun an Exploitatioun vum Weltall, aus dem Gravitatiounsfeld auszebriechen. De Matteo Genna sot weider, datt an Zukunft méi Roboter am Weltall wäerten zirkuléiere wéi Mënschen. An dës Roboteren autonom funktionéieren. 

Manou Serres: E Lëtzebuerger, dee bei SSL schafft

Welt viru Meteoritten Aschléi schützen

D’Fondatioun B612 léisst sech elo zu Lëtzebuerg néier, dat eng vun den Ukënnegungen um Dënschdegowend op der Wirtschaftsmissioun op der Westküst vun den USA. B612 huet sech zum Zil gesat d’ Äerd virun Aschléi vu Meteoritten ze schützen.

An d’Fondatioun fléisse ganz vill privat Gelder, déi fir d’Erfuerschung vum Weltall agesat ginn. Eng 3-D-Kaart soll entstoe fir eraus ze fanne wou Asteroiden zirkuléieren.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.