Blog vum Pierre Weimerskirch



Weltraumfuerschung am Silcon ValleyNotze vu Grondlagefuerschung fir Lëtzebuerger Projet?

Zwou Etappe vun der Wirtschaftsmissioun ware fir mech perséinlech besonnesch interessant. D'Visite vum NASA Ames Research Center an d'Visite am SETI-Ins

© NASA

Grondlagefuerschung wesentlech

Am NASA Ames Research Center gëtt Grondlagefuerschung gemaach, dëst am Prinzip fir d'Allgemengheet.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Eng 3.000 Leit schaffen zu Moffett Field a Kalifornien. Gegrënnt gouf den Institut vum amerikanesche Physiker Joseph Ames, dee spéider President vun der renomméierter Johns Hopkins Universitéit war. Haut ass ee vun den Haaptfuerschungsfelder d'Loftfaarttechnik. Donieft gëtt gefuerscht am Beräich vun de Supercomputeren, ee vun de séierste Computere weltwäit huet NASA Ames. An dee brauch een och. D'Simulatioune vun der NASA ginn hei gemaach.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Simulatioune vun de Mieresstréim oder de Start vu Rakéite gëtt um Computer getest. De William Thigpen, Chef vum Departement vun de Supercomputere vun der NASA sot, datt hautdesdaags Fuerschung ouni esou Supercomputeren net méiglech ass. Milliounen un Date musse séier kënne verschafft ginn. Dat eng Ausso déi dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider gefall huet, investéiert Lëtzebuerg an en europäescht Netzwierk vu Supercomputeren, dat bis 2023 soll operationell sinn. Den NASA-Superrechner ass awer 5 Mol méi séier wei de Lëtzebuerger soll ginn.

 

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Wéi ass den Universum entstanen?

Dat eng vun de Froe mat deene sech de SETI-Institut befaasst. D'Philosophie vum Institut ass “Are we alone?”, si mir eleng? Et befaasst ee sech mat intelligentem ausserierdeschem Liewen.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

De Fuerschungsinstitut géif och gären aus Lëtzebuerg finanziell Ënnerstëtzung kréien, ma Zousoe krut een nach keng. An och de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister huet net an déi Richtung geschwat.

Fir de Lëtzebuerger Projet ass den Institut awer esouwäit interessant, datt ee sech och mat der Beschafenheet vun Asteroide befaasst. 

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

E zentrale Projet wier hei den NASA Frontier Development Lab. Hei geet et drëms d'Äerd viru Meteoritten ze schützen, Ressourcen am Weltall ze erfuerschen a sech och mat Wiederphänomener am Orbit ze beschäftegen.

King Kong bei Seti?

De King Kong ass een Hond dee fir Seti schafft. D'Wëssenschaftler kucken net nëmmen an de Weltall fir ze fuerschen, ma sinn zum Beispill och an der Arktis an Antarktis ënnerwee. Hei kënnt de King Kong zum Asaz, hie warnt d'Fuerscher viru Polarbieren.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Wat kann een zeréckbehalen?

An den USA gëtt ganz vill Grondlagefuerschung gemaach iwwert de Weltall. Dëst alles Etuden op déi Entreprisë mussen zeréckgräifen, déi am Ofbau vu Weltraumressource wëlle schaffen. Selwer an d'Richtung Grondlagefuerschung ze goen, ass den Ament net virgesinn. Do ass de Grand-Duché net op der Héicht, den Opwand enorm, Sue géif ee keng verdéngen.

Wéi Lëtzebuerg mam Ofbau vu Weltraumressource wëll Sue verdéngen, erkläre mir e Méindeg am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.