Blog vum Pierre Weimerskirch



Mat HumorGregor Gysi keeft de Mound

Ënnert "Mat Humor" wëll ech regelméisseg ee bëssen anere Bléck op verschidde Sujete geheien. Dës Kéier ass et d'Thema Space Mining.

Extrait Gregor Gysi (25.04.2017)
De Chef vun der europäescher Lénker war en Dënschdeg zu Lëtzebuerg

Mam Gregor Gysi hat ech en Dënschdeg ënnert anerem iwwert de Projet vum "Space-Mining" geschwat.
Kannt huet hien d'Initiative net. An e puer Wieder d'Iddi vum Ofbau vu Weltraumressourcen erkläert, war dëst d'Reaktioun: "Ma da kafen ech de Mound."

Wat géif dann esou ee Mound kaschten? D'Iddi kennt vu Lëtzebuerg, da misst ee jo bal vu Lëtzebuerger Logement-Präisser ausgoen.

De Metercarré kascht zu Esch aktuell ronn 800  Euro. Bei enger Mound-Fläch vu 37.932.330 km2 mécht dat ee Präis vun 30 net Milliounen, Milliarden, Trilliarden, Billiarden ma Trilliounen Euro. Dat ass eng 3 mat 19 Nullen.

D'Ausso vum lénke Politiker weist awer virun allem eent: et stelle sech vill Froe ronderëm d'Privatiséierung vum Weltall. Laut Weltraumofkommes vun 1969 gehéiert den All jidderengem awer och kengem sou richteg.

Éier dës Froen net international gekläert sinn, beweegt sech Lëtzebuerg mat sengem Gesetzprojet op dënnem Äis.

© Animatioun NASA

Vu Wunnen um Mound, wéi sech déi amerikanesche Weltraumagence NASA dat virstellt, si mer nach weit fort.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.