Blog vum Pierre Weimerskirch



Giro Numero Due: DoppingProppere Cyclissem: Dofir muss een eppes maachen

De Giro ass mol nach net richteg un a scho gëtt et 2 Coureuren, déi Enn Abrëll beim Training positiv op een Derivat vun engem Wuesstemshormon getest goufen

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Fir de Blog hat ech mer am Virfeld Gedanke gemaach, iwwert wat een alles schreiwe kéint. Dopping stoung op der Lëscht, ma datt dat d’Thema esou fräi aktuell wier, hätt wuel kee geduecht.

Mauro Vegni, Direkter Giro: "Mir kennen d' Equippe net suspendéieren."© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Fir de Reportage op der Tëlee hu mer mat ganz ville Coureuren an offizielle geschwat. A mech huet staark erstaunt, datt een dach relativ geloosse mat der aktueller Situatioun ëmgeet. Den Direkter vum Giro hëlt déi betraffe Coureure quasi a Schutz. Et misst ee lo mol d’ Prozedur ofwaarden. Ma datt bei der B-Prouf elo eppes anescht eraus kennt erwaarden sech déi mannst.

Eng Equippe am Focus.© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

D’ Co-Equipieren hunn de Muere mat hiren zwee suspendéierte Kollege geschwat, et hätt een sech ausgetosch an et ee wier verwonnert gewiescht iwwert d’ Resultat. Et huet een eng nervös Equipe gesinn an een Team Manager, deen zimlech rosen a verstéiert gewierkt huet. Fir mech hätt d ‘UCI missen een Zeeche setzen an déi ganz Equippe suspendéieren an net bis nom Giro waarden, domat ass dem Cyclissem sech net gehollef.

Bruno Riverberi, Manager Bardiani CSF: "Et si Jongen déi net wësse wat se maachen."© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

De Ben Gastauer sot haut, et misste méi streng Strofe ginn. Ma wat heescht dat ? D Equippe ganz suspendéieren an deemno wei Onschëlleger bestrofen ? Oder ofwaarden a mol kucken, wat kënnt ?

Déi propper Coureure musse geschützt ginn a wann ee fuddelt, soll een och anstänneg bestrooft ginn. Méi streng, méi laang Strofe wieren ubruecht. Een dee bewosst gedoppt huet, gëtt emol als éischt fir een, zwee Joer gespaart. Geet dat duer ?

Fir mech perséinlech net. Een, deen emol fuddelt, mécht dat och eng zweet oder drëtt Kéier an do fënnt ee genuch Beispiller an alle Sportaarten an op alle Niveauen.

Hoffe mer op ee proppere Giro, déi éierlech Sportler hunn dat verdéngt.

Froen an Ureegunge kennt Dir gär an de Kommentaren hannerloossen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.