Blog vum Pierre Weimerskirch



Giro Numero Cinque - Dem Pierre Weimerskirch säi BlogVéierte rosa Maillot fir Bob Jungels

De Pierre Weimerskirch suivéiert de Giro vu ganz no. A sengem Blog schreift hien iwwer d'Course an iwwer d'Geschichten nieft der Strooss.

De Bob Jungels a Charly Gaul sinn déi zwee eenzeg Lëtzebuerger, déi de Leader Maillot vum Tour duerch Italien gedroen hunn.

Et ass deen zweete Giro fir mech als Journalist an et ass déi zweete Kéier wou de Bob Jungels de Leader Maillot iwwerhëllt. Meng Cousine hat mer ee Message geschéckt, datt all Kéiers wann ech am Giro sinn, de Bob Jungels e rosa Maillot kritt. Bis elo ass d'Rechnung opgaangen.

De Bob kennen ech scho vu Klengem un. Hien ass zwee Joer méi jonk. Mir sinn ni Course géintenee gefuer. Ech ka mech awer nach drun erënneren, wéi hie Minime war an ech Cadet, datt mir do zesummen zu Berlin op der Kids Tour waren, dat misst 2003 gewiescht sinn. A menger Altersklass hat deemools de John Degenkolb gewonnen.



Wisou schreiwen ech déi kleng Anekdot. Fréier wollt ech selwer Vëlosprofi ginn, wéi wahrscheinlech all anere Vëlosfuerer an deem Alter. Den Ënnerscheed zum Bob a mir ass de Bob elo Profi ass, a wat fir een. Ech kann een Deel vu mengem Kandheetsdram elo duerch anerer erliewen.

Leader vun engem groussen Tour ze sinn, do derhannert stécht vill Aarbecht. Ganz vill, wou sech vill Leit bestëmmt nëmme schwéier kënne virstellen.

Et ass mat Gefore verbonnen, et kann een ëmmer emol falen, egal wéi gutt een um Vëlo setzt. Et ass den Training, d'Ernährung, d'Ëmfeld, de Schlof, ... Éiergäiz an Zilstrebechkeet sinn Eegeschaften, déi ech engem Bob Jungels elo zouschreiwe géif.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

De Maillot rose ass elo op de Schëllere vum Lëtzebuerger. Op d'mannst déi nächst Deeg gesi mer de 24-Järegen nach an deem Maillot. An d'lescht Joer huet de Maillot och nach deen een oder anere Prozent méi an der Form bruecht.

Haut nëmmen dës puer Wieder, et war ee laangen Dag.

Viva Giro, viva Lussemburgo.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg