Blog vum Pierre Weimerskirch



Giro Numero Sette: Patrick DempseyGrey’s Anatomy-Star klaut Coureuren d'Show

Op der siwenter Etapp vum Giro war de Schauspiller Patrick Dempsey invitéiert.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Déi éischt Kilometer vun der Etapp tëscht Castrovillari op Alberobello konnt de Patrick Dempsey esouguer mat am Peloton fueren.

Den Hannergrond war deen, datt hien eng Reklamm gemaach huet an dat ee vun de Sponsore vun dësem Giro ass.

Op der Arrivée hat den 51 Joer alen Acteur eng Partie Presseterminer. Dausende Leit waren op der Arrivée, ganz vill vun deenen, fir sech de Grey’s Anatomy Star unzekucken. D’Course huet se u sech wéineg interesséiert. Bei der Iwwerreechung vun de Mailloten, hu méi Leit dem "Star" zougeruff, wéi den eigentleche Protagonisten vum Dag - de Cyclisten.



De Pierre Weimerskirch suivéiert den Giro vu ganz no. A sengem Blog schreift hien iwwer d'Course an iwwer d'Geschichten nieft der Strooss.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.