Blog vum Pierre Weimerskirch



Giro Numero Nove: Laurent DidierDe Navi vun der Equipe

Um zweete Roudag vum Giro hu mir de Laurent Didier getraff fir iwwert säi Giro ze schwätzen. Haut huet hien eng Sortie fir seng Equipieren organiséiert

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg
Scho virun zwee Deeg hätt de Laurent Didier owes am Hotel gekuckt, wou een um Roudag kéint eng kleng Sortie maachen. Um Méindeg war de Lëtzebuerger den Navi vun der Equipe. Och während den Etappen kënnt de geléierten Ingenieur all Kéier, all Hiwwel.
© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

De Coureur vun Trek Segafredo huet entspaant gewierkt an eis an de Bus invitéiert op ee klenge Kaffi. Fir déi 100. Editioun vum Giro huet Panini een Album mat alle Coureuren erausbruecht. Ënnert de Coureure gëtt gesammelt a getosch wat nëmme geet.
© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

De Giro wier bis elo gutt verlaf. De Leader vun der Equippe Bauke Mollema wier gutt a Form a gutt plazéiert. Et ass dem Lëtzebuerger säi 4. Giro d'Italia, op der 8. Etapp war de Laurent Didier laang an der Echappé an déi nächst Deeg wëll hien dat nach eng weider Kéier probéieren.
© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

Mir suivéieren de Profi vun Trek Segafredo elo dé nächst Deeg a weisen Iech ee kuerze Portrait vum Laurent Didier op der Tëlee.

De Pierre Weimerskirch suivéiert den Giro vu ganz no. A sengem Blog schreift hien iwwer d'Course an iwwer d'Geschichten nieft der Strooss.