Blog vum Pierre Weimerskirch



Giro Numero Dieci : ChuteAbandon vu Laurent Didier

Am leschte Blog hunn ech iwwer de Laurent Didier geschriwwen. Dës Kéier leider nees. Leider huet de sympathesche Coureur no enger Chute huet missen opginn.

Abandon vu Laurent Didier (18.05.2017)
De Lëtzebuerger den Dag no senger Chute.

Déi lescht Deeg hu mer de Laurent Didier um Giro suivéiert. Mir hunn iwwer e puer Deeg un engem Portrait vum 32-järege geschafft.

De Laurent, ee ganz oppene Mënsch. Virun der Course zitt hie sech awer ëmmer zréck. En ass schwéier ze fannen. D'Gedanke bei der Etapp, dat ronderëm gëtt ausgeblent.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

De Giro ass eng vu senge Liiblingscoursen. Nieft dem sportleche géifen déi schéi Landschaften an dat gutt Iessen de Lëtzebuerger ëmmer nees an Italien zeien.

Dëst Joer war säi 4. Giro, deen éischten, deen hien net zu Enn ka fueren.

Nach dat lescht Joer ass de Laurent Didier trotz Erkältung op en Enn gefuer.

Laurent Didier virum Départ vun der 11. Etapp.© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg

D’Chute vu e Mëttwoch huet de Profi vun Trek Segafredo am Interview nach emol kommentéiert : « Et hätt och kënnen eppes gebrach sinn . »

Fir d’Equipe ee grousse Verloscht, esou de Kim Andersen, sportlechen Direkter, e Mëttwoch. Ma och fir eis Journalisten ee grousse Verloscht, et gëtt wuel keen anere Coureur, deen eng Course esou gutt ka liesen a quasi scho virum Depart weess, wéi d'Course ausgeet.

2018 fiert den 32-Järegen dann hoffentlech eng 5. Kéier den Tour duerch Italien.

© Pierre Weimerskirch - RTL Télé Lëtzebuerg


De Pierre Weimerskirch suivéiert den Giro vu ganz no. A sengem Blog schreift hien iwwer d'Course an iwwer d'Geschichten nieft der Strooss.