Emissioun vum 14. Mäerz: Industrialiséierung vum Kotteng

Haut virun 219 Joer ass eng Maschinn erfonnt ginn, déi et am 19. Jorhonnert erméiglecht huet, d’Hirstellung vu Kotteng ze industrialiséieren.

Do kéint ee jo bal mengen, dass dës Erfindung dem Sklavenhandel en Enn gesat hätt...

Dee Schoss ass awer leider no hanne lass gaang, se huet d’Sklaverei eréischt esou richteg ugekuerbelt! Zur Zäit vun der Erfindung vun dëser Maschinn war d’Sklaverei an den industrialiséierten Nordstaate schonn ofgeschaf. Am Süde sinn d’Sklaven awer nach gebraucht gi fir Kotteng ze plécken an den haarden, raue Som aus de Kottengsbullen ze kniwwelen.

Dem Eli Whitney seng Maschinn huet dee Prozess iwwerholl, an huet de Som maschinell aus der Kottengsbull gekämmt, an zwar 25 mol séier wéi e Sklav. Mee well de Kotteng elo méi séier konnt verschafft ginn, ass es och méi ugebaut ginn. An dofir si méi Sklave gebraucht ginn, fir en ze plécken! D’Industrialiséierung vun der Landwiertschaft huet also nach fir méi Spannung tëscht den Nordstaaten an de Südstaaten gesuergt an iergendwann zum amerikanesche Biergerkrich bäigedroen !