Emissioun vum 17. Mäerz: St Patrick’s Day

D’Traditioun huet sech awer an der ganzer Welt ausgebreet, an haut wäert de Guiness och bei eis a Litere fléissen. Mee esou selbstverständlech ass dat net

Béier gehéiert säit Eiwegkeeten zu eiser Ernährung. Well d’Waasser net ëmmer ganz propper war, war Béier eng gudd Methode fir d’Waasser mam Alkohol ze “desinfizéieren”. Et huet quasi jiddereen doheem gebraut, mee de Béier huet sech net laang gehal a scho guer net transportéiert. Et gouf also kee Guiness am Café, bis:

…den däitschen Erfinder Carl von Linde am 19te Jorhonnert de Frigo erfonnt huet. Domat war d’brauen net méi vun der Joreszäit ofhängeg, an de Béier konnt gekillt ginn. De franséische Chemiker Louis Pasteur huet de Gährungsprozess entziffert, sou dass d’Qualitéit vum Béier besser konnt kontrolléiert ginn. An et huet d’Pasteuriséieren erfonnt, dofir hält de Béier sech méi laang.

Dat sinn se awer nach net all ! Dem James Watt seng Dampmaschinn huet och dozou bäigedroe fir Béier ze kommerzialiséieren, well en elo einfach konnt transportéiert ginn. An dem William Painter seng Erfindung vum dichten Fläschestopp ass och e grousse Schrëtt gewiescht.

Et waren also eng ganz Rei Erfindungen während 200 Joer noutwenneg, fir eis et ze erméiglechen, haut esouvill Guiness ze drénke wéi mer wëllen!