Emissioun vum 25. Mäerz: Gebuertsdag vum Gutzon Borglum

Deen Numm seet engem näischt ? Säi Liewenswierk awer, et ass näämlech de Bildhauer vun de 4 amerikanesche Presidenten um Mount Rushmore !

De Borglum hat schonn 70 Joer wéi en dee Projet 1927 ugefaang huet, an ass 1941, also 14 Joer méi spéit gestuerwen.

Fir déi 4 Presidenten am Granitfiels ze veréiwegen, hunn 450 Tonne Gestengs misse fort. 90 % dovu si mat Dynamit gesprengt ginn ! D’Sprengmeeschteren hunn d’Quantitéit vun Dynamit unhand vun der Fielsqualitéit an de Buerlächer esou ausgerechent, dass se de Fiels mat enger 10 cm Präzisioun konnte sprengen. De Rescht war Handaarbecht, mat klenge Presslofthimmer, Hummer a Meessel. Wa méiglech, hunn se sech natierlech Gerüster gebaut, mee op ville Plazen hungen d’Aarbechter u Seeler an hunn aus der Loft geschafft. D’Bildhauer, d’Klemmer an d’Sprengmeeschter hunn zwar eng beandrockend Aarbecht geleescht, mee leider hunn och vill Liewensraim vun Déieren a Planze missen dru gleewen. Hautdesdags wier des Arbescht op där Plaatz also net méi genehmegt ginn.

VIDEO: Making Mt Rushmore Documentary