Emissioun vum 6. Abrëll: Gebuertsdag vum James Watson

Bekannt ginn ass de Watson zesumme mat sengem Aarbechtskolleg, dem Francis Crick, fir seng Studien iwwert d’DNA.

Genee. DNA ass jo déi Struktur an eisem Kierper, déi d’genetesch Informatiounen enthält. Eng gewësse Reiefolleg vu Bausténg mécht e Gen aus, bësse sou wéi e Barcode. Vill Genen hannereneen formen eis DNA. An de Watson an de Crick hunn erausfonnt, wéi d’DNA ausgesäit!

Nodeems d’Wëssenschaftler dat bis woussten, hunn se natierlech ugefaang d’Reiefolleg vun den eenzelne Bausténg ze entzifferen. 2004, also 51 Joer nom Watson an Crick hirer Entdeckung, war et esou wäit, an dem Watson seng DNA war eng vun deenen éischten, déi ganz entziffert ginn ass. Fir d’Wëssenschaftler war dat e bëssen wéi en hellege Graal. Si verstinn elo besser wéi mir ticken, a wat bei genetesche Krankheete falsch leeft.