Emissioun vum 9. Abrëll: D'Wegwerf-Sprëtz feiert 39 Joer!

Erfinder war den Afro-Amerikaner Phil Brooks, deen esou vill Liewe gerett huet, well d’Krankheeten net méi esou liicht vun engem Patient op deen aner iwwerdro gi sinn.

Hie war zwar net deen éischten, deen d’wegwerf Sprëtz erfonnt huet, mee duerch säi Patent sinn se och an Amerika popuär ginn. An der Klinik sinn awer weiderhin normal Sprëtze benotzt ginn, well si jo d’Méiglechkeet haaten fir se richteg ze botzen an ze desinfizéieren. D’wegwerf Sprëtz war haaptsächlech bei Zockerkranken beléift, déi sech reegelméisseg hu missen Insulin sprëtzen.

De Problem, dass mat enger gebrauchter Nool Krankheeten verbreet ginn, ass nach a villen arme Länner aktuell. Net well d’Leit et net besser wessen, mee well se net déi selwecht Méiglechkeeten hunn wéi mir. Dack feelen hinnen d’Sue fir bei all Impfung eng nei Sprëtz ze huelen, oder, während Epidemien, hunn se der einfach net genuch. Laut der Weltgesondheetsorganisatioun kascht dat all Joer 1,3 Millioune Leit d’Liewen, an baal 22 Millioune ginn esou mat Hepatit B infizéiert.