Emissioun vum 15. Abrëll: Robert Gore feiert 76. Gebuertsdag

Zesumme mat sengem Papp huet hien Gore-Tex erfonnt a patentéiert. A wéi ech schonn héieren hunn, ass dat am Fong näischt aanescht wéi opgehëtzten Tefal!

De Robert sech schon als Student fir allerlee Materilien interesséiert, an wollt mol kucke wat geschitt, wann een Tefal hëtzt! Net ganz vill. A wann ee mat engem Ruck um warmen Tefal zitt ? Dann deent den Tefal sech aus, verännert seng Struktur a ka bis zu 8 mol méi laang ginn!

De Robert a säi Papp hun dunn eng Firma gegrënnt, fir dest neit Material, wat se Gore-Tex genannt hunn, als Isolatioun fir elektresch Kabelen ze vermarkten. Kuerz duerno sinn aaner Uwennungen opgetaucht, an haut gëtt Gore-Tex an der Medezin, an der Weltraumtechnik, an der Industrie an natierlech an Textilie benotzt. Gore-Tex huet näämlech ganz kleng Poren, déi ze kleng sinn fir Reendrepsen duerchzeloossen, mee grouss genuch sinn fir Schwees enner Form vu Waasserdamp erauszeloossen. Gore-Tex ass dofir bis haut e beléiften Textil fir konfortabel Outdoors Kleeder!